© Unsplash
Wéini ee Gebuertsdag huet, huet dëse Fuerscher no Auswirkungen op dat ganzt Liewen...
Eigentlech huet de Mount August jo e gudde Ruff, et ass Summer an dat verbënnt een automatesch mat Schwemm, Glacen a Vakanz. Ma enger englescher Etüd no, mécht et Kanner, déi an deem Mount gebuer goufen éischter onglécklech. Wien zum Schluss vum Schouljoer op d'Welt kënnt, dee gëtt an England éischter ageschoult- Dat e ganzt Joer éischter wéi Kanner, déi just ee Mount méi spéit (am September) op d'Welt kommen.
D'Etüd huet d'Leeschtung tëscht verschiddene Summerkanner ënnersicht, heibäi gouf sech op Jonker konzentréiert, déi am August an am September gebuer sinn. Ronn 48.500 Schüler waren Deel vun dëser Fuerschung, déi erginn huet, dass d'August-Kanner méi dacks ënnert dem Klassenduerchschnëtt leie wéi d'September-Kanner. An der Mathe war et ronn all 10. September-Kand, wat Schwieregkeeten opgewisen huet, bei den August-Kanner war et schonn all 3. Och a Punkto Mobbing ginn d'Zuele bei den August-Kanner an d'Luucht, hei war d'Warscheinlechkeet, dass mat de Kanner de Geck gemaach gëtt 2x esou héich wéi bei de September-Kanner.
Déi gutt Noriicht, bei bal all den Analyse ginn d'Ënnerscheeder tëscht August- a September-Kanner am Alter ëmmer méi geréng. Eng éischter Aschoulung schéngt deemno virun allem am Ufank de brittesche Kanner d'Liewe méi schwéier ze maachen. Ma trotzdeem gëtt et och bei der spéiderer akademescher Karriär nach Ecart. Ronn 6% vun den August-Kanner ginn op eng vun den 20 beschten Unien an England, bei de September-Kanner sinn et der ëmmerhin ëm déi 8%.
Och wann een net generaliséiere kann an all d'August-Kanner als Ongléckskanner esou wéi all d'September-Kanner als Gléckspilze bezeechne kann, schéngt den Alter an deem Kanner an d'Schoul kommen, e wichtegen Aspekt ze si fir d'Entwécklung.