D'Vakanz ass eriwwer, d'Wallisse sinn nees ausgepak an den Alldag ass och erëm do. Do schläicht sech da gären de Blues an. An zwar de Post-Vakanze-Blues!

Lauschtert hei eran!

Meeschtens heescht et huet een de "Post-Vacation-Blues". Dëst Phenomen gëtt awer och nach als "Post-Vacation-Depression" bezeechent. An dës Zort vu Blues kann een effektiv haart treffen.

Et schläicht sech bei ganz ville Leit eng éischter schlecht Stëmmung an wa se aus der Vakanz erëm sinn. Dat ass meeschtens, well een an der Vakanz lauter Saache mécht oder gesäit, déi een am Alldag net maache kann. Beim Post-Vakanze-Blues spillt och d'Dauer vun der Rees eng wichteg Roll. Wat ee méi laang fort ass, wat den Down duerno och méi intensiv gëtt. Meeschtens dauert en zwar nëmmen e puer Deeg. A ganz schlëmme Fäll kann d'Stëmmung fir eng Rei Wochen awer och am Keller sinn.

D'Symptomer vun der Post-Vakanzen-Depressioun sinn Nostalgie, Middegkeet, Verloscht vum Appetit an eng Verschlëmmerung vum Jetlag. Am schlëmmste Fall léisst et eng reegelrecht Depressioun beim Betraffenen aus. Et huet ee Problemer mam Alldag eens ze ginn, an eigentlech wëll ee just zeréck goen an nees déi Fräiheet spieren.

Et kann een awer eppes dogéint maachen. Zum Beispill iwwert d'Vakanz schwätzen a Fotoe weisen. Wat och hëllefe kann ass et eng Aktivitéit, déi ee wärend der Vakanz gemaach huet och doheem ze widderhuelen. Wann d'Zäit an der Natur gehollef huet d'Batterien nees opzefëllen, soll een sech also och doheem nees méi dacks eraus trauen. Wiem dat och nach net hëlleft kann elo op ee leschten Trick zeréck gräifen: einfach deen nächsten Trip plangen!