Vill Liewensmëttel hu mëttlerweil eng fest Plaz an eisem Frigo, och wa se do eigentlech näischt verluer hunn...

Iesswuere richteg stockéieren ass scho bal eng Konscht fir sech. Dass Fleesch oder Mëllechprodukter an de Frigo gehéieren, zweifelt mëttlerweil kee méi un. Wann et dann awer ëm aner Liewensmëttel geet, dann entstinn dacks hëtzeg Diskussiounen. Wat definitiv NET an de Frigo gehéiert, een do awer oft erëmfënnt, sinn zum Beispill:

Avocadoen

Déi niddereg Temperaturen am Frigo hënneren dës doru fir richteg zeideg ze ginn. Sollt een d‘Avocado dann zu enger leckerer Guacamole veraarbechten, gëtt dës awer net wierklech cremeg.

Gromperen

Duerch d’Keelt am Frigo gëtt d’Stäerkt an de Grompere méi schnell zu Zocker, wouduerch si e komesch séisselzege Goût kréien.

Tomaten

Am Frigo kréien Tomaten éischter e mielzegen amplaz e säftegen an aromatesche Goût.

Ënnen a Knuewelek

Et handelt sech hei nämlech ëm Geméis, dat Loft brauch. Amplaz dass de Frigo also d‘Haltbarkeet verbessert, gëtt de Contraire provozéiert: Ënnen a Knuewelek ginn am Frigidaire also méi séier ëm.

Hunneg

De Frigo dréit just dozou bäi, dass den Hunneg kristalliséiert an en sech esou méi schlecht op der Botterschmier verdeele léisst.

Schockela

Esouguer beim Schockela kann ee vill falsch maachen. Eng brittesch Liewensmëttelentreprise réit elo dovun of, Schockela an de Frigo ze leeën. Der Firma no soll een dësen op enger liicht killer, dréchener an däischterer Plaz stockéieren. E Schaf oder eng Spënnche sinn also ideal dofir. Bei Temperaturen ëm déi 21 Grad hält de Schockela sech nämlech am Beschten. Well Schockela awer séier schmëlzt, kënne vill Leit dat net novollzéien. 
Ob am Frigo oder net… Haaptsaach et ass genuch Schockela am Haus!