De Lockdown wier wuel nach vill méi schlëmm gewiescht, wann et de ganzen Dag gereent hätt. Wéi gutt war de Summer da wierklech? Zäit e Bilan ze zéien.

Lauschtert eran!

Hëtztwell am August vu gutt 12 Deeg

Tëscht dem 1. Juni an 31. August 2020 goufen iwwerduerchschnëttlech Temperaturen hei am Land gemooss, dat mat enger Hëtztwell am August vun 12 Deeg. Zënter den Opzeechnunge geet leschte Mount souguer als zweetwäermsten August an d'Geschicht an. Den 9. August gouf de Maximum vu 35,6 Grad um Findel registréiert. 2019 waren et 39 Grad. En neie Rekord ass also net opgestallt ginn, sou den Adnan Ćeman, de Chef du Service Météorologique bei Meteolux am Eldo-Interview:

"Dëse Summer war de 7-wäermsten zënter den Opzeechnunge vun 1947. Mir haten 38 Summerdeeg - dass dat Deeg sinn, wou iwwer 25 Grad den Dag ass. Den August deen hat an der Moyenne 21,2 Grad. Just 2003, do war den August mat 22,3 Grad méi waarm."

A Punkto Reen huet de Juni bëssen eppes gerett

De Summer 2020 war 1,6 Grad iwwert der 30-Joresmoyenne. Just d'Joren 2018 an 2019 ware méi waarm. Mir hate keng extrem Hëtztperiod mat iwwer 40 Grad, et goufen awer méi Deeg um Stéck mat iwwer 25 oder 30 Grad gemooss. Wat den Néierschlag ugeet, do placéiere sech déi lescht Méint op der 20. Plaz vun den dréchene Summeren déi lescht 30 Joer. Et war also keen extrem dréche Summer. Dat huet mam éischte Summermount Juni ze dinn, deen déi ganz Saach bësse gerett huet.

"Do hate mer bësse méi Reen. Am Juni hate 114 Liter an dat ass 43 % méi wéi normal, also an der Joresmoyenne. De Juli deen hat mat 10,9 Liter deen hat quasi näischt. An der Moyenne misst do am Juli ëm 71 Liter falen."

Am August ass och näischt erofkomm, deemno leien d'Wäerter landeswäit extrem ënnert den Duerchschnëttswäerter. Hei huet ergänzt de meteorologesche Bulletin vun der ASTA, dass besonnesch de Süden an d'Muselgéigend ënnert der Dréchent gelidden hunn. Wéi et elo mam Hierscht ausgesäit, ass dem Adnan Ćeman no schwéier ze soen. Aktuell weisen d'Modeller, dass eis fir de Weekend bessert Wierder erwaart, ma e gëllen Hierscht gëtt aktuell éischter ausgeschloss.

Previsioune fir Hierscht si schwéier ze maachen

"Dat ass ganz schwéier op e klenge Beräich anzegrenzen. Den Hierscht an Europa wäert relativ normal ginn. Dat heescht, mir wäerten net vill méi Reen hunn, net vill méi Hëtzt hunn. Dat heescht awer elo absolutt net, dass mer eng Kéier e Stuerm kënnen hunn, dee wierklech vill Reen op eng Kéier an 2-3 Deeg bréngt. Dat heescht dat do ass wierklech fir d'Moyenne ze gesinn."

Fir déi nächst Deeg wäert et dann éischter e Sonn-Wolleke-Mix sinn. E Freideg kann een erëm mat 25 Grad rechnen, ma d'Sonn léisst sech just nach seele laang um Stéck weisen. De Reen steet elo leider nees méi dacks um Programm. Wichteg: Méi laang Previsioune sinn ëmmer schwéier, et kann also net ausgeschloss ginn, dass et awer anescht kënnt, wéi viraus gesot gouf. Am beschten ass et also, wa mer eis a Punkto laangfristeg Viraussoen einfach iwwerrasche loossen.