Wien säi Congé doheem verbréngt brauch sech net schlecht ze fillen. Dat kann nämlech och eng Partie Virdeeler hunn!

1. Ausschlofen!

Si mer éierlech: wann een iergendwou am Ausland ass, steet een meeschtens awer nach relativ fréi op. Et wëll ee Villes ënnerhuelen, an och Neies gesinn. Dofir schellt de Wecker dann awer mat Zäiten. Doheem kann een den Dag dann awer méi gemittlech ugoen.

2. Neies austesten!

Wie seet, dass et nëmmen am Ausland exotesch Aktivitéite gëtt, oder interessant Restauranten? Och wann een a sengem Congé elo net wäit reese wëll, kann een sech och schlau maache wat een alles hei zu Lëtzebuerg ka maachen. Well Hand op d'Häerz, wie ka scho behaapten, dass en wierklech all Eck hei am Land kennt, an all Fräizäitaktivitéit gemaach huet? An och bei de Restauranten weist sech ëmmer méi wéi international d'Bevëlkerung hei zu Lëtzebuerg ass.

Lauschtert hei eran!

3. Rees-Stress

De Wee ass d'Zil. Dat gëllt besonnesch fir de Wee an d'Vakanz. Dat ass fir vill Leit deen Deel vun der Rees, deen een einfach a Kaf hëllt. Mee wierklech Spaass mécht de Stress um Flughafen oder de Stau am Auto net wierklech. An ass och eng Belaaschtung fir de Kierper. Dee fält bei der Vakanz doheem einfach emol ganz ewech!

4. Sue spueren

Keng deier Tickete fir de Fliger, keen deiere Bensin fir den Auto oder den nervegen Péage. Dat sinn alles Ausgaben déi scho mol sécher ewech falen, wann een d'Vakanz bei sech doheem verbréngt. Wann een dann och nach just Ausflich fir een Dag mécht, brauch ee mol keen Hotel ze bezuelen. Wien also e bësse spuere wëll, kann der Vakanz doheem eng Chance ginn.

5. Kee Vakanzen-Down

No der Vakanz denkt een déi ganzen Zäit un d'Sonn, d'Plage an einfach alles wat anescht war a méi schéin. Wann een awer net fort geet, huet een och net den Down no der Zäit am Ausland am Gepäck. Et start een also nom Congé méi motivéiert nees an den Alldag.