© dpa/AFP/Archiv/Marijan Murat
Wouru läit et, dass verschidde Leit quasi immun géint e Virus sinn an anerer schlëmm krank ginn? De Liewensstil an di psychesch Verfassung soll matspillen.
Wëssenschaftler vun der "Carnegie Mellon University" zu Pittsburgh hu gesonde Fräiwëllege mat verschiddene Krankheetserreeger a Kontakt bruecht - dorënner Schnapp a Gripp grad wéi harmlos Coronaviren. Dono bloufen d’Testpersounen 5 Deeg a Quarantän. All Dag gouf bei hinnen d‘Viruskonzentratioun gemooss an si goufen no typeschen Symptomer befrot. Ausserdeem gouf d’Blutt op Antikierper gepréift. Resultat: Bei 80 Prozent vun den Testpersoune konnt eng Infektioun nogewise ginn. Awer just 30 Prozent hu Symptomer presentéiert.
Bei deene Persounen, déi an de Woche virdru manner wéi 6 Stonnen d‘Nuecht geschlof haten, war de Risiko krank ze ginn, 3 Mol sou héich wéi bei 8 Stonne Schlof. Ausserdeem hunn d’Kandidaten duebel sou oft Symptomer entwéckelt, wa si manner wéi zweemol d’Woch Sport gemaach hunn. Dat selwecht war de Fall fir déi Leit, déi vill Alkohol konsuméiert hunn. Moderaten Alkoholkonsum dogéint kéint d’Symptomer reduzéieren, soen d‘Fuerscher.
Och psychesch Facteure kéinten en Afloss op d‘Entzündungsreaktioun hunn. Testpersoune mat chroneschem Stress si méi dacks schwéier krank gi wéi anerer.
Dës weidere géing och d’Gefill hëllefen, sozial integréiert ze sinn. Wat d’Testpersoune méi sozial Rollen an hirem Liewen ausgefëllt hunn – zum Beispill als Eltere, Partner oder Kolleegen, wat si manner ufälleg waren fir Erkältungsviren.
D‘Psychologen ginn dowéinst och dovun aus, dass di sozial Isolatioun am Kader vun de Corona-Restriktioune méi ufälleg fir Infektioune mécht.