All Woch gëtt d'Santé en detailléierte Rapport iwwert d'Neiinfektiounen eraus.

Bei de Leit déi a Quarantän platzéiert goufe klëmmt d'Zuel nees. 543 Persoune goufen an Isoléierung an 1487 Leit hu missen a Quarantän bleiwen. Am Ganzen huet d'Santé 2'195 Kontaktpersounen an dëser Period ermëttelt. Bei den Altersklassen déi a Quarantän bleiwe missten, läit weider d'Tranche vun de 15-29 Järege fir an entsprécht 25% vun all de Persounen a Quarantän. Et gesäit een awer och eng Steigerung bei der Klass vun den 0-14 Järegen. Do waren an der Woch virdrun nach just 17% betraff. An der Woch vum 24. August ass do den Taux awer em dräi Prozent geklommen, a läit elo bei 20%.

    0-14 ans

15-29 ans

30-44 ans

45-59 ans

60+ ans

08/06/2020

14/06/2020

30%

18%

31%

18%

4%

15/06/2020

21/06/2020

19%

28%

29%

20%

5%

22/06/2020

28/06/2020

23%

32%

24%

18%

3%

29/06/2020

05/07/2020

21%

32%

23%

20%

4%

06/07/2020

12/07/2020

26%

26%

24%

20%

3%

13/07/2020

19/07/2020

27%

27%

23%

19%

3%

20/07/2020

26/07/2020

25%

24%

24%

21%

6%

27/07/2020

02/08/2020

23%

27%

24%

20%

5%

03/08/2020

09/08/2020

25%

26%

23%

21%

6%

10/08/2020

16/08/2020

19%

27%

25%

22%

7%

17/08/2020

23/08/2020

17%

30%

25%

21%

6%

24/08/2020

30/08/2020

20%

32%

25%

23%

7%

Dem Rapport vun der Santé no, gouf et bei den Zuele vun den Neiinfektiounen nëmmen eng ganz liicht Baisse. An der Woch vum 24. bis den 30.  August goufen et 288 nei positiv Corona-Tester, déi Woch virdrun waren et der nach 292. Wat awer méi Suerge mécht, ass d'Unzuel vun den Infektiounen déi duerch Reesen am Ausland entstane sinn. Bei deenen 288 neien Infektiounen konnt ermëttelt ginn, dass sech an 150 Fäll d'Leit am Ausland ugestach hunn. Dofir rappelléiert d'Santé, dass een och beim Reesen d'Sécherheetsmoossnamen anhale soll, an de Kontakt mat anere Persounen esou wäit wéi méiglech aschränke soll.

Bei der Verdeelung vun den Infektiounen pro Kanton, ginn et zwar nach ëmmer déi meeschten am Raum Esch, ma awer manner. An der Woch vum 17. August goufen et nach 358 Nei-Infektiounen. Vum 23. bis den 30. August goufen der 306 gezielt. Dofir klammen awer an de Kantonen Capellen, Lëtzebuerg-Stad an Lëtzebuerg d'Zuelen vun den neien Infektiounen. Dee Kanton mat der gréisster Hausse ass dann effektiv Lëtzebuerg Stad. Do ass d'Zuel vun 159 Nei-Infektiounen op 198 identifizéiert Infektiounen geklommen.