© Pexels
Esou vill Fräizäit wéi méiglech, an esou mann Congésdeeg wéi méiglech dofir afferen? Dat ass dran mat de Bréckendeeg.
Esou ee fräien Dag an der Woch deet natierlech gutt. Mee dacks ass et schwéier en esou richteg ze genéissen, well een den Dag drop nees muss schaffe goen. Donieft gëtt een och iergendwéi total aus der gewinnter Routine gerappt. Ma dat muss awer net sinn. Mat just engem oder zwee Congésdeeg kann ee sech schonn eng kleng Vakanz schafen.
Wie ganz gemittlech an dat neit Joer 2021 starte wëll, ka sech roueg iwwerleeën fir den 31. Dezember nach fräi ze huelen. Den 1. Januar fält nämlech op ee Freiden. Wien also dëst awer dach ustrengend Joer esou entspaant wéi méiglech well hannert sech loossen, kann dat mat engem verlängerte Weekend vu 4 Deeg maachen.
Duerno gëtt et awer méi schwéier fir vun de gesetzleche fräien Deeg wierklech ee Maximum ze profitéieren. Wie ronderëm Ouschteren nach e puer weider Deeg brauch, kann virun oder och nom Ouschterméinden déi fräi Zäit nach e bësse verlängeren.
Am Mee huet een direkt zwou Méiglechkeeten vun de Bréckendeeg ze profitéieren: den 13. Mee ass Christi Himmelfahrt, deen 2021 op een Donneschdeg fält. An den Péngschtméinden läit de 24. Mee natierlech um éischten Dag vun der Woch.
Well mer dëst Joer eisen Nationalfeierdag guer net feier konnten, kann een dann nächst Joer anstänneg profitéieren. Den 23. Juni 2021 ass nämlech op engem Mëttwoch. Wien sech dann nach donneschdes a freides fräit hëlt, kann direkt 4 Deeg aplangen fir sech z'erhuelen. Zum Schluss vum Joer gëtt et dann och moer mat de fräien Deeg: ausser méindes den 1. November, ass nämlech all anere Feierdag op engem Samsden oder Sonnden.