Den Horoskop vum Eldo seet iech är Woch viraus dat mam passende Sound!

Widder

Maître Gims - Est-ce que tu m'aimes?

Et ass een ellent Gefill, wann een net weess wou een drun ass. D'Widdere froen dofir no Kloerheet.

Stéier

Owl City - Fireflies

Wann d'Stéieren owes an den Himmel kucke gesinn si net nëmme Stären, mee Milliarde vu Liewen a Méiglechkeeten.

Zwilling

James Arthur - Impossible

Lassloossen ass des Woch net nëmme schwéier fir d'Zwillingen dës Woch mee einfach onméiglech.

Kriibs

Boyzone - Picture of You

Eng Foto kann eng éischt Impressioun ginn, awer ni dat ganzt Bild weisen. Passt op bei neie Bekanntschaften.

Léiw

Green Day - Wake Me Up When September Ends

D'Léiwen huelen all hir Energie zesummen dës Woch. Duerno braucht der awer eng Paus!

Jongfra

Hinder - Lips of an Angel

Egal wéi gro den Dag ugeet, fir d'Jongfraen huet all Dag seng eege Schéinheet

Wo

Starley, Ryan Riback - Call On Me

Obwuel se dës Woch op de Knéien ufänken, sinn d'Woen déi, déi nach als Lescht stinn!

Skorpioun

Pitbull, Ne-Yo - Time Of Our Lives

D'Skorpiounen hunn d'Woch vum Joer virun der Dier stoen. Alles ass méiglech!

Schütze

Mark Forster - 194 Länder

D'Schütze sinn dës Woch eigentlech prett fir d'Welt ze gesinn. Der musst iech awer mat e bësse manner zefridde ginn.

Steebock

Zayn - Pillowtalk

Déi beschten Iddie kritt een am Bett. Do verbréngen d'Steebéck dës Woch vill Zäit

Waassermann

FISHER - Losing It

D'Waassermänner wëssen dës Woch net wou ënnen an uewen ass. Denkt just drun Loft ze huelen!

Fësch

Maroon 5, Kendrick Lamar - Don't Wanna Know

Heiansdo ass et och schéin einfach näischt ze wëssen. D'Fësch stellen dës Woch dofir keng weider Froen.