© Pexels
Gutt ausgesinn ass ville vun eis am Alldag wichteg, sou och am Hierscht. Wéi all Joer ginn et rëm Trends déi gefrot sinn an dem Outfit Liewen anhauchen.
Wat d'Faarwen ubelaangt, dréint et sech am Hierscht ganz em d'Faarwe Rout, Bordeaux an Orange. Dës Faarwe solle Leidenschaft a Stäerkt symboliséieren. Och d'Faarf Pink kënnt a Moud.
Nei mat dobäi ass de sougenannten "Outdoor-Survival-Look". Déi bekannten Doudoune oder och Anorake leien also nach ëmmer voll am Trend. Wien dat ganzt méi labber droe wëll: Och ee liichten "Oversize-Look" kënnt gutt un.
Ee beléifte Klassiker deen sou séier net aus der Moud ewech ze denken ass, ass de Karo-Look. Egal ob grouss oder kleng karéiert, de Karo-Look ass dëst Joer zemools bei de Männer ganz beléift. Dee Look dee mer jo eigentlech vum leschte Joer kennen, zitt och dëst Joer rëm vill Leit an d'Butteker. Wat Faarwen ubelaangt, kann dëst vu ganz schlicht bis komplett bont goen.
Wien nach no engem neie Brëll kucke muss, hei si besonnesch gëllen a brong Akzenter ugesot, genau wei d'Trendfaarf Rout natierlech och.
Bei den Accessoiren ass den albekannte Schal net ewech ze denken. Kombinéiert mat de passende Kleeder kann een esou ee relaxe Look erreechen.
OUT sinn dëst Joer bei de Fraen "d'Overknee-Stiwwelen" an och vum Leoparde-Muster musse mer eis lues awer sécher trennen.