© Pexels
Behuelen dat virun der Corona-Pandemie als komesch oder onhéiflech ugesi gouf, ass mëttlerweil gesellschaftlech absolut akzeptéiert.
Et ginn esou gewësse Verhalensreegelen, déi een am beschten anhale sollt. Dat, well se zum gudde Behuelen zielen. Ma genau dëst huet d’Corona-Pandemie, ewéi sou villes aneres och, op d’Kopp gestallt.
Begréissung Fänke mer emol bei der Begréissung un. Fir Moien ze soe war et fréier eng Form vun Héiflechkeet engem d’Hand oder eng Bees ze ginn. Wann een dat awer am Moment mécht, da gëtt ee séier emol schif gekuckt. Wëll een trotzdeem héiflech sinn, kann een awer mam Kapp nécken oder mam Ielebou begréissen.
Stroossesäit wiesselen Och d’Stroossesäit wiesselen, esoubal ee riskéiert enger anerer Persoun ze begéinen, ass mëttlerweil net méi onbedéngt een Zeeche vun Onhéiflechkeet. Wann di aner Persoun op eemol ufänkt ze houschten, dann ass ee scho bal dankbar, wann een e grousse Bou ëm se maache kann. Esou kann een och ouni schlecht Gewësse lästegem Smalltalk aus dem Wee goen.
Ublären D’Stëmm hiewen a säi Géigeniwwer scho bal ublären ass och net méi onbedéngt als aggressiivt Verhalen unzegesinn. Mat der Mask virum Mond muss een eben heiansdo e bësse méi haart schwätzen. Leit, déi hir opgebauten Tensioune wëlle lassginn, profitéiere jiddefalls dovun.
Den Handy am Restaurant eraushuelen Och den Handy am Restaurant eraushuele muss kee No-Go méi sinn. Dacks gesäit een do Persounen, déi minuttelaang konzentréiert op hiren Ecran kucken. Dat muss net onbedéngt doru leien, dass se sech näischt méi ze soen hunn. Et kann nämlech gutt sinn, dass si einfach nëmmen d’Menüskaart liesen. Dës kritt ee mëttlerweil dacks iwwer d’Ascanne vun engem QR-Code direkt op säin Handy.
Wéi een un dëse Beispiller gesäit, hu sech duerch de Covid-19 nei Verhalensweisen an eisem Alldag etabléiert. Op déi dann och erëm verschwannen, soubal d’Pandemie eriwwer ass, bleift ofzewaarden. Et bréngt jiddefalls alles seng Vir- a Nodeeler mat...