Hautdesdaags huet een jo fir alles en Abo. Vum Handy a Fitness bis hin zum Musek- oder Videostreamingdéngscht.

Et bezilt een eemol de Mount a da kann een esou dacks ee wëll e Service benotzen. Elo gëtt et dat Konzept hei a Groussbritannien och fir eppes aneschtes, nämlech fir Coffee-To-Go. An dat, wäert bei de Britten déi all Dag bal 100 Milliounen Tase Kaffi drénken, richteg gutt ukommen.

Lauschtert hei de Reportage:

Déi brittesch Chaîne Prêt à Manger bitt elo eng Coffee Flatrate un. Fir 25 Euro de Mount kritt een bis zu 5 Kaffien den Dag fir näischt. Dat heescht, all Mount kann een e Maximum vu ronn 150 Kaffien drénken, a bezilt dofir just 25 Euro. Ob dat elo gutt fir een ass, esouvill Kaffi ze drénken sief dohi gestallt, mee ob jidde Fall hofft d’Chaîne déi vun der Pandemie wierklech staark betraff ass, esou nees méi Clienten unzelackelen. Deen éischte Mount ass dann och gratis.

RTL

© pixabay.com

Fir den Ament, gëllt déi Offer awer just fir Leit a Groussbritannien. Mee, wie weess, wann se e Succès ass, da gëtt et dëse Kaffisabo vläicht och geschwënn an anere Länner.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter