© pexels.com
Wann der dacks d'Gefill hat, dass ären Hond eigentlech genee versteet wat der vun em wëllt, hat der warscheinlech Recht!
Den Hond ass de beschte Kolleg vum Mënsch, well en ëmmer do ass, an esou dacks ganz genee weess wéi en eis nees ee Laachen an d'Gesiicht zaubert. Ma virun allem soll en eis awer besser verstoe wéi mer dat villäicht heiansdo denken. Ungaresch Fuerscher hunn ënnersicht wéi Hënn eis Sprooch verschaffen.
Déi éischt Erkenntnis vun de Fuerscher: Hënn verschaffen Sprooch änlech wéi mer! An zwar no enger gewësser Hierarchie. Dat éischt wat am Gehier ukënnt a verschafft gëtt ass d'Intonatioun. Eréischt duerno kommen d'Wierder eigentlech am Gehier un. Déi ginn an der "Großhirnrinde" also an der Kortex-Regioun vum Gehier verschafft.
D'Fuerscher hunn dat erausfonnt, andeems se d'Gehieraktivitéit vun den Hënn gemooss hu wéi se wakereg waren. Dass d'Intonatioun immens wichteg ass fir d'Hënn wësse mer scho méi laang. Mee elo wollt ee wëssen, a wéi enge Beräicher vum Gehier d'Sprooch ukënnt. Dofir kruten d'Hënn ëmmer nees Kommandoe virgesot. Dat mol neutral, mol mat enger bestëmmter Intonatioun. Fir d'Fuerscher ass et erstaunlech, dass eng Spezies, déi jo eigentlech keng Sprooch benotzt wéi mir, dës Sprooch awer genee esou wéi mir verschaffen.
Hënn verstinn also schonn verschidde Wierder, mat deenen se reegelméisseg konfrontéiert ginn. Sief dat hiren Numm oder Kommandoe wéi "Sitz" oder "Platz". Wat awer nach méi wichteg ass, ass d'Aart a Weis wéi mer eisem Mupp eppes soen. Also eis Emotiounen hannert de Wierder. Wann den Hond zum Beispill gelueft gëtt, versteet en dat méi duerch d'Aart a Weis wéi mer et soen, wéi elo duerch déi eenzel Wierder. Mee Hënn si capabel Verbindungen tëscht Intonatioun a Wierder hierzestellen. D'Wichtegkeet vun de Wierder léisst awer mam Alter no. Eeler Hënn verloosse sech méi op de Klang vun eiser Stëmm wéi op dat wat gesot gëtt. Wann der also d'Gefill hutt, dass ären Hond iech total versteet, ass dat villäicht méi de Fall wéi der geduecht hutt.