Fir e puer Kiloe lass ze gi gëtt geroden deen ëmmer ëm déi nämmlecht Auerzäit ze maachen.

Fir mol direkt kloer ze stellen. Wann ee manner Kalorien zou sech hëlt wéi een der verbrennt, dann hëlt een of. Et ass eigentlech ganz simpel. Ma enger Amerikanescher Etüd an der Fachzäitschrëft "One Library Wiley" no, ass eng gewësse Konstanz beim Training genau esou wichteg.

Fir genau ze sinn, gëtt hei vu festgeluechten Auerzäite geschwat. An der Etüd ass nämlech eraus komm, dass de Sport, deen ëmmer ëm déi nämmlecht Auerzäit gemaach gëtt, positiv Auswierkungen huet.

E Grupp vun Testpersounen hunn hei missten iwwert e laangen Zäitraum Sport maachen an dat ëmmer zu der nämmlechter Zäit an en anere Grupp huet esou trainéiert wéi se wollten.

D'Resultat ass eendeiteg. 83% vun deenen déi reegelméisseg Trainéieren, kommen op déi recommandéiert Beweegungszäit vu150 Minutten an der Woch. Dobäi ass den Duerchschnëtt bei 350 Minutten Training an der Woch

Nëmme 74,2 Prozent vun deenen déi zu verschiddenen Auerzäiten trainéieren, konnten déi 150 Stonne pro Woch erreechen. Den Duerchschnëtt läit hei bei 285 op 7 Deeg.

Et läit also op der Hand, dass een net direkt méi ofhëlt wann ee seng Auerzäiten anhält. D'Kiloe faalen hei éischter, well een duerch déi Routine einfach méi Sport mécht wéi wann ee queesch duerch den Dag trainéiert. D'Routine bewierkt, dass d'Loscht um Training klëmmt an ee säi Sport och besser an den Dag integréiert kritt.

Fir d'Zukunft gëllt also sech u fest Trainingszäiten ze halen.