© Eldoradio
Den Horoskop vum Eldo seet iech är Woch viraus dat mam passende Sound!
Widder
Marshmello ft Demi Lovato - OK Not To Be OK!
D'Widdere verbréngen des Woch agewéckelt an enger Decken op der Couche. An dat genéisst der och!
Stéier
Aloe Blacc - Hold On Tight
D'Stéieren brauchen des Woch eng Persoun déi se extra fest unhält.
Zwilling
Apache 207 - Boot
D'Zwillinge befanne sech des Woch op enger spiritueller Rees, drift net ze wäit of.
Kriibs
Zedd ft Jasmine Thompson - Funny
Bei de Kriibsen ass et eriwwer mam Laachen. Der sidd an engem schlechte Mood dës Woch.
Léiw
Calvin Harris ft The Weeknd - Over Now
Wann et eriwwer ass, ass et och definitiv eriwwer. Dat mussen d'Léiwe just nach der anerer Persoun kloermaachen.
Jongfra
Ava Max - OMG, What's Happening
D'Welt vun de Jongfrae steet liicht Kopp. Dat wëll eppes sech an hiert Häerz geschlach huet, dat eigentlech näischt do ze sichen huet.
Wo
David Guetta, Sia - Let's Love
D'Woe brauchen elo einfach d'Ënnerstëtzung vun deenen aneren ronderëm. Zesumme gëtt et besser!
Skorpioun
VIZE ft Tom Gregory - Never Let Me Down
Den Höhenflug vun dëser Woch geet un d'Skorpiounen. Vergiesst just d'Landung net.
Schütze
Steve Marinangeli - Rescue Me
Dës Woch ass net einfach fir d'Schützen. Evitéiert ze vill negativ ze denken!
Steebock
Dempsey ft gnash - Elephant In The Room
Bei de Steebéck gëtt et een offensichtleche Problem. D'Leit ronderëm Iech maache sech Gedanken.
Waassermann
Sigala ft James Arthur - Lasting Lover
D'Waassermänner sinn hin an hier gerappt. Der musst ee schwéiere Choix treffen deemnächst.
Fësch
Paloma Faith - Better Than This
Ëmmer weider no fir, an ëmmer besser ginn. Dat ass de Motto vun de Fësch déi nächst Deeg.