D'Rentrée um Eldo bréngt e puer Changementer mat sech: nei Shows, al Gesiichter an e puer Iwwerraschungen.

Gutt gelaunt duerch den Dag mat 3 Shows a gutt gelaunten Animateuren:

Morningshow mam Andy vu 05h00 bis 09h50

Wéi gewinnt steet den Andy vu 5 Auer un fir Iech hannert dem Mikro, begleet Iech op d'Schaff, huet déi aktuellsten Trafic Infos fir Iech. Also alles beim alen? Net grad, well d'Morningshow dierf dir 1 Stonn méi laang bis 09h50 genéissen. 1 Stonn méi fir Last Christmas oder d'Ekelcamp!

Gudde Moien, Mëtteg mam Catherine vun 09h50 bis 14h50

Mam Catherine duerch den Dag, dat heescht sécherlech deen een oder anere Chaosmoment, Takeovere mat Lëtzebuerger Kënschtler an heiansdo gëtt och mol e Schwéngsgenéck verdeelt.

De labbere Feierowend mam Chris vu 14h50 bis 18:50

De Chris ass déi nei Stëmm On Air. Am labbere Feierowend ass seng Haaptsuerg selbstverständlech déi datt dir séier a sécher duerch den Trafic heem kommt fir datt äre Feierowend esou relax wéi méiglech ass.

Och bei den Owessendunge geet et deels gewinnt weider, deels mat Iwwerraschungen:

Highscore all Méinde vun 19h00 bis 20h00

Et ass e Must fir all Gamer. De Claudio huet déi gréissten News aus der Gamerwelt fir Iech: nei Spiller, Tester a Rumeure ronderëm nei Konsolen.

Rock Invasion all Dënschden vun 19h00 bis 21h00

Et ass de Comeback! D'Wencke ass zeréck an dréint de Verstäerker nees op! Rockeg Sounds, Interviews a villes méi live vu Berlin.

Strawberry Cuts all Mëttwoch vun 19h00 bis 21h00

Dir stitt op Alternativ Musek? D'Christine mécht wéi gewinnt all Mëttwoch Owend seng Strawberry Cuts. Eenzeg Ännerung: Lass geet et schonn um 19h00.

Event Navigator all Donneschden vun 19h00 bis 21h00

No enger klenger Paus ass de Wulli nees zréck mam Event Navigator. Hie verréit Iech wéi eng Events dir op kee Fall verpasse sollt, spillt Iech déi erfollegräichsten Dance Songs an stellt am DJ Corner deen een oder aneren DJ vir.

Eldo Live all éischte Mëttwoch am Mount vun 21h00 un

Dir wëllt Live-Concerts-Ambiance? Eldoradio bréngt Iech déi gréisste Kënschtler an är Stuff a spillt Iech all éischte Mëttwoch am Mount cool Live-Concerten.

Saturday Nightlife all leschte Samschden am Mount vun 20h00 bis 00h00

Dir gitt raus? Oder verbréngt e coole Samschden Owend mat äre Kolleegen? Den Dani a seng Crew begleeden Iech bei ärem Tour! Mëllt Iech ran an hutt zesumme mam Eldo e gudden Owend.