Mir kennen d'Corona-Moossnamen, ma hal dir iech wierklech nach ëmmer dodrun? A ginn et Facteuren, déi eis méi oder manner beaflossen?

Eng rezent Ëmfro vun der Uni Gent huet gewisen, dass d'Motivatioun sech weider un d'Corona-Moossnamen ze halen, op engem absoluten Déifpunkt ass. Knapp 35 % vun de befrote Leit hunn erkläert, si géifen d'Mesurë fräiwëlleg befollegen – ufanks waren et nach 81 %. Zemools d'Maskeflicht an d'Aschränke vun de soziale Kontakter wier fir vill Leit méi schwiereg.

E Professer vun der Uni Köln kënnt zu der Konklusioun, dass ee sech éischter u Reegelen hält, wann de Grad vun enger méiglecher Infektioun och méi grouss ass. Schéngt logesch: Wat d'Angscht virun enger Erkrankung méi héich ass, wat ee sech och éischter u Moossnamen hält, déi dëse Risk andämme kéinten. Ma och déi sozial Komponent spillt wuel eng grouss Roll.

Wat sech d'Leit aus ärem Frëndeskrees méi un déi bestoend Reegelen halen, wat dir iech och méi drun haalt, sou de Fazit vun der Etüd vu Köln. Déi eege Motivatioun hänkt also immens vun där vun eise Matmënschen of an eng entspriechend Solidaritéit ass vu grousser Bedeitung. Natierlech beaflosst net just dëse Facteur eis Motivatioun, weider d'Reegelen anzehalen.

Eis Perséinlechkeet fléisst natierlech och mat an. Leit, déi sech éischter ëm hir Matmënsche suergen, géife sech enger Etüd aus Polen no och méi un d'Moossnamen halen. Mënschen, déi éischter gläichgülteg géintiwwer hirem Ëmfeld sinn, gesinn d'Virschrëften als Aschränkunge vun den eegenen Interessien an der perséinlecher Fräiheet - a verstoussen éischter dogéint.