Kappwéi kann engem ganz schéin den Dag verdierwen. Et brauch een awer net onbedéngt ee Medikament ze huelen, heiansdo kënne och Liewensmëttel hëllefen.

1. Café

Café huet ee wuel ëmmer op Lager- sief et doheem oder um Büro. Domat kann een net just seng Middegkeet verdreiwen, mee sech deemno wéi och eng Pëll géint Kappwéi spueren. Grond ass de Koffein, deen d’Duerchbluddung verbessert an domat och de Denkapparat nees aktivéiert. Iwwerdreiwen soll een et mam Konsum allerdéngs net.

2. Knuewelek

Knuewelek ass een Allround-Talent. E kann de Bluttdrock reduzéieren an d’Blutt besser fléisse loossen. Dat hëlleft och deene Leit, déi mat Kappwéi geplot sinn. Donieft fënnt een am Knuewelek och Mineralien wéi Kalium a Vitaminnen, wéi Vitaminn A, C an E.

3. Waasser

Kappwéi ass och dacks op Dehydratioun zréck ze féieren. Grad bei héijen Temperaturen, bei Krankheet oder beim Sport ass et dowéinst wichteg, seng Flëssegkeetsressourcen nees opzefëllen – soss riskéiert een de Kapp wéi ze kréien. Dass de Kierper méi Waasser braucht, weist en engem iwwregens net just duerch Kappwéi , mee och duerch schlecht Haut oder Konzentratiounsproblemer.

4. Ingwer

Ingwer ass bekannt als Hausmëttel bei Schnapp, Houscht an Halswéi  – awer och bei Kappwéi kann Ingwer hëllefen. Ingwer verhënnert nämlech, dass de Kierper Substanzen produzéiert, déi Schmäerzen oder Schwellungen ausléisen. Besonnesch beléift ass den Ingwer als Téi- mat Zitroun an Hunneg.