© Eldoradio
De Marilyn Manson, Biffy Clyro, Incubus asw. fannen zesumme mam Wencke de Wee op den Eldo.
Wie virun enger Rei Jore schonn den Eldo gelauschtert huet, deem misst den Numm Wencke e Begrëff sinn. Déi Persoun déi ënnert anerem och fir d'Rock Invasion zoustänneg war. Ma ech hu gutt Noriichte fir iech, d'Wencke feiert ee Comeback a Form vun der Rock Invasion.
Besonnesch um Comeback ass awer, dass d'Wencke net aus de Studioe vum Eldo hei Lëtzebuerg seng Sendung mécht, mee aus dem Ausland. Fir genau ze sinn gëtt d'Sendung vu Berlin aus gesent.
D'Wuert Rock ass hei Programm.
D'Eldoradio Rock Invasioun ass also zeréck. All Dënschden Owend mam Wencke vun 19h00 bis 21h00 op Eldoradio.