Et ass Ufank September a mat der Rentrée ass fir vill Leit och d'Vakanz eriwwer. Mee kee Grond fir d'Flemm ze kréien!

Grad nach louch een an der Sonn an huet een sech mol eng Kéier iwwert näischt misse Gedanke maachen, an op ee Coup ass schonn eleng de Wecker moies eng Zoumuddung.

Dësen Zoustand gëtt vum sougenannte Post-Holiday Blues beschriwwen. An der Auszäit gouf sech ëm alles gekëmmert, wat soss ëmmer ze kuerz koum, an di negativ Nieweneffekter vum Schaffe goufen dobäi einfach ausgeblent. Dofir ruffen dës sech elo ëmsou méi däitlech nees zréck an d'Gediechtnes. Fir vill Leit ass d'Motivatiounsdéif esou staark, dass se hir Leeschtung vernoléissegen, oder hir ageschloe Richtung souguer a Fro stellen.

Dass een heiansdo an de saueren Apel bäisse muss, ass hei just ee schwaachen Trouscht. Et ginn allerdéngs Methoden, déi hëllefe kënnen.

Setzt iech net ze vill ënner Drock!

Gitt iech léiwer Zäit, fir är Routine erëmzefannen. Et kann hëllefen, sech seng Saache schonn owes zesummen ze paken, a moies e bëssen éischter fortzefueren. Esou kann een sech an aller Rou ukucken, wat ugefall ass wéi een net do war, a säin Oflaf deementspriechend plangen. Wann een sech selwer den Drock hëlt, direkt vu null op honnert starten ze missen, kann een d'Aarbecht och méi entspaant ugoen. Ee klenge Smalltalk ënnert Mataarbechter ass och emol mat dran.

Versicht, är Motivatioun aus ärem Potenzial ze zéien.

Dacks ass d'Motivatioun fir ze schaffen d'Paie, oder och d'Tatsaach dass een et einfach muss. Eng besser Motivatioun ass déi, déi vu banne kënnt. Denkt drun, dass een iech d'Aarbecht och zoutraut: Ee Grond méi optimistesch ze bleiwen. Notzt är Stäerkten, a konzentréiert iech op dat wat der gutt kënnt. Eng positiv Astellung fierft ausserdeem op d'Ëmfeld of.

Et muss een néirens Wuerzele schloen.

Dir wëllt iech eropschaffen a kommt net virun? Hei hëlleft et, d'Situatioun genee ënnert d'Lupp ze huelen, an erauszefannen, firwat een op der Plaz trëppelt. Ma och heivu muss een sech net demotivéiere loossen. Kleng Tëschenziler ze setzen hëlleft, an et dierf een dobäi och roueg mol no Ënnerstëtzung froen. Vun haut op muer ass nach kee Meeschter vum Himmel gefall, a vill Weeër kënnen zu engem Zil féieren.

Op är Stëmmung op de Post-Holiday Blues zréckzeféieren ass, oder aner Ursaachen huet: Wéi är Zukunft ausgesäit hutt der ëmmer nach selwer an der Hand. Schlussendlech kann ech iech domat nach tréischten:  No der Vakanz ass virun der Vakanz! Déi nächst Auszäit ass bestëmmt net wäit.

Vicky