De Stau ass leider een Deel vun eisem Alldag. Dofir ass et wichteg ze wësse wéi ee richteg reagéiere soll, wéi d'Lynn Kintziger vum ACL verroden huet.

Wei kann ech verhënneren dass ech iwwerhaapt am Stau stinn?

Fir net am Stau ze stoen ass et wichteg sech iwwert eventuell Problemer a Chantieren op de Stroossen z'informéieren ier ee sech an den Auto setzt iwwert eventuell Problemer a Chantieren op de Stroossen z'informéieren. Dëst kënnt dir maachen andeems dir reegelméisseg den Trafic Info lauschtert esou wéi Iech och iwwert d’App vun Eldoradio oder ACL informéiert op der Dir all Chantieren an Problemer op eise Stroossen ugewisen kritt.

Lauschter hei eran!

Wei verhënneren ech dass duerch mech Stau entsteet?

Et soll ee verhënneren dass een selwer op der Autobunn en Panne fält dowéinst ass et wichteg dass een ëmmer säin Auto iwwerpréift, dat heescht et soll een reegelméisseg seng Revisiounen maachen, den Ueleg iwwerpréiwen, anstänneg Pneuen hunn an natierlech och genuch Tank hunn fir d’Stréck déi een zeréck leen well. Do bitt Iech zum Beispill den ACL d’Méiglechkeet Ären Auto komplett iwwerpréiwen ze loossen.

Wei verhalen ech mech richteg am Stau?

Wann een am Stau steet huet een ëmmer Gefill dass et op der Spuer wou e grad net steet méi schnell virun. Dëst ass awer eigentlech guer net de Fall, dofir bréngt et och näischt wärend een am Stau steet, onnéideg vun enger Spuer op déi aner ze wiesselen. Dat steigert just den Risk vu weideren Accidenter. Wichteg ass och all disponibel Spueren sou laang wéi méiglech ze benotzen an duerno den Tirettesystème z'applizéieren wann et vun zwou Spueren op eng iwwer geet.

Wéini gëtt eng Rettungsgaass gemaach?

Soubal e Stau oder Zéifloss op der Autobunn entsteet ass et wichteg dass all d’Automobilisten eng Rettungsgaass an der Mëtt vun der Strooss forméieren. Esou kënnen d'Rettungsdéngschter an d'Dépanneuren esou séier wéi méiglech un hiert Zil kommen.

Denkt och drun, dass et näischt bréngt wann Dir laanscht een Accident fuert fir ze gaffen oder souguer Fotoen ze maachen, domat gëtt just nach méi Stau provozéiert an et ass virun allem net erlaabt. Wann d'Police dobäi steet, gëtt et dofir och ee Protokoll.

Bréngt et mir eppes vun der Autobunn erof ze fueren an op Alternativen auszewäichen ?

Vun der Autobunn erof ze fueren soubal Stau entsteet, ass eng Alternativ déi leider oft benotzt gëtt. Allerdéngs ass dat och nëmmen soulaang sënnvoll wei sech nëmmen puer Leit dofir decidéieren! Soubal awer méi Gefierer op déi aner Stroossen auswäichen, entsteet do den selwechten Problem wie op der Autobunn. Virun allem, well d'Landstroossen, wéi och d'Stroossen an den Uertschaften net fir déi Kapazitéiten un Autoen ausgeluecht sinn. D'Konsequenz: et entsteet weideren Stau.

Däerf ech op der Autobunn Kéier maachen wann et net méi virun geet ?

Hannerzeg fueren oder souguer Kéier op der Autobunn ze maachen ass natierlech och am Stau een absolutten Tabu! Dëst däerf nëmme gemaach ginn wann d’Police op der Plaz ass an Iech dozou opfuerdert.

Wéi gesäit et da mam Handy aus, dierf ech dësen awer am Stau notzen?

Och wann et lackeleg ass den Handy am Stau kuerz raus ze huelen an seng neisten Notifikatiounen ze iwwerpréiwen, léisst een dat besser sinn. Well: soulaang de Motor vum Auto un ass, ass et weiderhin net erlaabt den Handy ouni Fräispriechanlag hannert dem Steier ze benotzen. Dat kann net nëmmen een deiere Protokoll ginn mee ausserdeem och mat sech bréngen dass mir net méi op Strooss konzentréiert sinn a sou e weideren Accident provozéieren. Dofir ass et och em sou méi wichteg am Stau ëmmer seng neidesch Distanzen zum Gefier virun engem an ze halen an sou ze verhënneren dass een deem aner hannen drop rennt.