© Pexels
Et gëtt jo ëmmer gesot, dass d'Frae méi wéi d'Männer schwätzen. Ma dat ass falsch.
Et ass de Klischee! Ee Mann ee Wuert, eng Fra ee Wierderbuch. Ok, bei verschiddene Persounen trefft dat effektiv zou, ma dat ass an der Realitéit awer net bei all Fra a Mann esou.
Genau esou Klischeeë muss een ënnersichen a wa méiglech besäitegen. An der Fachzäitschrëft ''Science'' huet nämlech de Psycholog Matthias Mehl vun der university of Arizona zu Tucson, genau dat gemaach. Laang Ried kuerze Sënn, de Klischee ass a bleift just e Klischee. A Realitéit schwätze Männer a Frae genau esou vill, fir genau ze sinn, ronn 16'000 Wieder pro Dag.
Dat widdersprécht ganz kloer den Donnéeë vu fréier. Bis elo war dovunner riets, dass Fraen ongeféier 7'000 wieder am Dag vu sech ginn an d'Männer knapps 2'000. Anere Quellen no gëtt hei vun 30'000 bis 12'000 Wieder pro Dag geschwat. Déi grouss Differenz léisst schonn dorobber schléissen, dass do eng faul ass.
Fir genau ze sinn huet, bis d'Etüd an der Fachzäitschrëft ''Science'' verëffentlecht ginn ass, nach keen eng zu der Thematik gemaach. Ma de Psycholog Mehl huet mat senger Equipe ronn 400 Studenten aus Mexico mat engem spezielle Rekorder ënnersicht.
Männer kommen hei op 15'669 Wieder pro Dag a Froen op 16'215. Et ass zwar hei eng kleng Differenz ze gesinn, ma wann een deen Ënnerscheed vu knapp 500, mat deem vu Fréier vergläicht an zwar ronn 45'000 Wieder, da kann een hei effektiv vu kenger Differenz schwätzen.
Fir d'Zukunft gëllt also: E Mann ee Wuert, eng Fra och ee Wuert.