Mat der Digitalisatioun huet och d'Schikanéiere mam Netz massiv zougeholl. Beleidegungen an Haassriede gehéiere leider zum Alldag.

Lauschtert eran!

D'Schrëft, déi Cybermobbing bekämpfen an esou andämme wëll, heescht "Polite Type" - den Numm ass also Programm. De finnesche Betrib TietroEvry huet sech vu genee deene Leit Verstäerkung geholl, déi verstäerkt Haass am Netz ausgesat sinn: Teenager. Déi Jonk hu mat der Firma de Projet an d'Liewe geruff a fuerdere jiddereen op, sech dëser Visioun unzeschléissen.

Wéi um Internetsite ze liesen ass gestalten d'Wierder, déi mir wielen, eis Realitéit. D'Konzept wëll Aussoen a Sätz, déi anerer verletze kënnen, ëmschreiwen, a se mat Begrëffer, déi méi passend, méi ubruecht sinn, ersetzen. Um Site kann ee sech d'Schrëftaart gratis eroflueden. D'Schrëft schafft mat engem Algorithmus, deen ob dat reagéiert, wat ee schreift.

Falls Beleidegungen oder soss schlëmm Aussoe getippt ginn, geet den Algorithmus souzesoe mam roude Bic driwwer. Bei Formuléierungen, déi anerer zum Beispill ënner Drock setzen oder soss ugräifen, ginn dës mat méi héiflechen Optiounen ersat. Aus "They should lock you up to die" géif "You have the right to your life and opinions" ginn.

Aus "I hate you" gëtt "I disagree with you". Bei Haassriede gëtt et kee Pardon: D'Beleidegunge ginn hei komplett geblurred, also zenséiert. Natierlech kann dat Ganzt nach nogebessert ginn. Recherchéiert een e bëssen, fënnt een Aussoe vu Leit, déi soen, datt Wierder wéi "Nazi" oder "islamophob" net zenséiert ginn – hei ass also nach Loft no uewen do.

Och gëtt et de Programm just fir déi englesch Sprooch. De gréissere Kritikpunkt ass awer deen: Leit, déi wierklech geziilt anerer ugräife wëllen, déi luede sech d'Schrëftaart wuel kaum erof. Fir déi, déi onreflektéiert schreiwen, ass et e gudden Usaz, sech selwer ze hannerfroen. Esou gi si drop opmierksam gemaach a mierke vläicht dann eréischt, dass et och anescht geet.

Dir selwer gouft schonn Affer vu Cybermobbing oder sidd aktuell mat Haass am Netz konfrontéiert? Um Site vu BEESECURE ginn et Informatiounen, wat ee maache kann a wéi ee weider dogéint virgoe kann.