Heiansdo ass et net just d'iesse wat engem op den Hëften hänke bleift, mee d'Iwwerstonnen.

Lauschtert eran

Am Normalfall schafft een 8 Stonnen den Dag a 40 Stonnen d'Woch. Esou gesäit den Aarbechtsalldag bei der Majoritéit vun de Leit aus. Natierlech ass net auszeschléissen, dass een och mol déi eng oder aner Stonn méi muss schaffen. Wat natierlech dee Moment e bëssen d'Fräizäit beanträchtegt, ma allerdéngs awer och en Afloss op eist Gewiicht huet.

Wëssenschaftler aus Finnland, Schweden an der Belsch hu fréier Etüden, déi mat iwwer 120'000 Leit duerchgefouert goufen, ausgewäert. Fir genau ze sinn hunn d'Fuerscher 19 Etüden aus Europa, den USA an Australien dorobber ënnersicht, ob et en Zesummenhang tëscht den Iwwerstonnen an dem Body Mass Index gëtt.

D'Team ronderëm d'Marianna Virtannen vun der Stockholm University an der University of Eastern Finland hunn hir Resultater an der Fachzäitschrëft ''International Journal of Obesity'' verëffentlecht.

Fir genau ze sinn ass eraus komm, dass Persounen déi reegelméisseg Iwwerstonne maachen, e klengt Risiko hunn iwwergewiichteg ze ginn. Fir déi Persounen déi schonn iwwergewiichteg sinn, ännert sech näischt duerch d'Iwwerstonnen. Ronn d'Hallschent vun de Participanten hat am Ufank vun der Etüd keen ze héije BMI. Ma quasi all fënneften ass am Schnëtt no 4,4 Joer an d'Kategorie Adipositas gefall.

Et ass en Zesummenhang tëscht den Iwwerstonnen an dem Iwwergewiicht ze erkennen, ma wisou dat esou ass kënnen d'Fuerscher awer net soen. Se ginn awer dovunner aus, dass et sech hei ëm eng logesch Konsequenz handelt: Méi Schaffe féiert zu manner Fräizäit, also manner Zäit fir gesond ze kachen oder Sport ze maachen.