Sou lues mécht sech den Hierscht bemierkbar a bréngt de Mantel zréck an eise Kleederschaf. Wéi eng Mantel-Trends ugesot sinn, steet elo scho fest.

Klassiker: De Wollmantel

De Mantel aus Woll ass ee richtege Klassiker. E kënnt ni aus der Moud a ka mat allem kombinéiert ginn. An dëser Hierscht- a Wantersaison ass de Wollmantel vrun allem am Karo-Look ee Must-Have. Besonnesch ugesot des Saison sinn do Blo- an Pastelltéin.

View this post on Instagram

"Man! I Feel Like a Woman!"

A post shared by JANKA POLLIANI (@polliani) on

De Blazermantel 

Ee Blazermantel kann op den éischte Bléck zimmlech maskulin wierken. Ween de Look méi duuss wëllt maachen, dee soll op ee Mantel mat  Ceinture setzen. Och Schëllerpolster am Stil vun den 80er Jore leien nees voll am Trend – an dat vrun allem an de Faarwen wäiss, hellgro oder rosa.

Laang, méi laang - De Maximantel ass de Mantel-Trend 2020

Extralaang Mäntel sinn de Mantel-Trend 2020. Wéi eng Coupe de Maxi-Mantel dobäi soll hunn, ass all Mënsch selwer iwwerlooss. Och méi kléng Frae kënnen e Maxi-Mantel undoen. Mat héije Stiwwelen mécht ee sech e bësse méi grouss a léisst d’Bee méi laang wierken -an et ass super elegant!

Toughen Hierscht-Style mam Liedermantel

E bësse méi rau gëtt et da mat engem Mantel aus Lieder respektiv Lieder-Optik.  E bëssen erënnert sou ee schwéiere, schwaarze laange Mantel un de Keanu Reeves an d‘Carrie-Anne Moss aus dem Kultfilm "Matrix". A well dëst Joer schonn dee 4. Deel vun der Film-Serie gedréit gouf, feiert och de Liedermantel säi grousse Comeback. Stare wéi Kylie Jenner oder Bella Hadid setze schonn op de Matrix-Style.

Waarm an duuss: De Plommemantel

Wann et sou richteg kal gëtt, da gëtt engem mat engem laange Plommemantel nees richteg waarm. Vun ofgespacte Metallikfaarwen bis hin zu waarme brongen Téin: D’Fashionwelt setzt dëst Joer ganz op dëse Look.

D’Deeg ouni Mantel si geschwënn eriwwer. Mee mat de leschte waarmen Deeg kënnt och d’Virfreed op den Hierscht an de Wanter an domat op di nei Moud.