Mam Hashtag #OscarsSoWhite gouf ëmmer nees op e Manktem un Diversitéit opmierksam gemaach. D'Academy hat viru puer Joer "historesch Mesuren" annoncéiert.

D'Academy of Motion Picture Arts and Sciences huet Reformen annoncéiert. Zënter Joren ass d'Kritik grouss, elo kënnt de Ball endlech un d'Rullen: D'Oscars solle méi divers, méi villfälteg ginn. Zil wier et de Responsabelen no al Musteren ze duerchbriechen. Sief dat a Punkto Geschlechter, Minoritéiten, sexuell Orientéierung. Fir dat ëmzesetze si 4 Kritären ausgeschafft ginn.

Een dovunner ass méi Diversitéit virun der Kamera, an der Crew selwer, am Produktiounsteam an natierlech an der ganzer Ekipp vum jeeweilege Film. Esou wëll ee sécherstellen, dass d'Filmbranche jidderee widder spigelt. Wéi d'Academy et erkläert "fir eis divers global Weltbevëlkerung bei der Schafung vu Filmen an d'Publikum ze representéieren, dat sech mat hinne verbënnt".

Vereinfacht kann ee sech dat Ganzt esou virstellen: Diversitéit virun der Kamera kann heeschen, datt op d'mannst eng Haapt- oder relevant Nieweroll mat enger Persoun vun enger ethnescher Minoritéit besat gi sinn. Aner Optioun: An der Produktioun muss et inhaltlech ëm ënnerrepresentéiert Gruppe goen. Dat si Fraen, Mënsche mat Behënnerung oder aus der LGBTQ+-Communautéit.

Wann et net esou geet, muss een nohëllefen - zënter Jore gëtt genee dat gefuerdert. Déi nei Standarde sollen d'Diversitéit an der Top-Kategorie "Beschte Film" erzwéngen. Vun 2024 u muss jiddereen, dee sech qualifizéiere wëll, op d'mannst 2 vu 4 Kritären erfëllen. Fir déi nächst Gala goufe keng Oplagen ausgeschafft. Wéinst dem Coronavirus heescht et eréischt am Abrëll 2021 nees "And the Oscar goes to...".