Net jidderee freet sech drop de Führerschäin ze maachen. Kléngt komesch, ass awer esou.

Lauschtert eran

18 Joer dauert et an deene meeschte Länner bis een de Führerschäin dierf maachen. Et ass eng laang Zäit, virun allem wann een drop brennt endlech dierfe selwer ze fueren.

Eng Euphorie déi net all Mënsch deelt. Ënnert de Stare ginn et nämlech ganz grouss Nimm, déi bis haut kee Führerschäin hunn an och héchstwarscheinlech ni ee wäert maachen.

Robbie Williams

Eegenen aussoen no huet hien einfach ni wierklech dru geduecht an d'Fahrschoul ze goen. Zu London brauch ee souwisou keen Auto, de Verkéier ass schrecklech, esou de Museker.

Bleiwe mer an der Welt vun der Musek.

David Guetta

Den David Guetta hat zwar e Führerschäin, ma well hien awer en zollite Bläifouss huet, dierf en a Frankräich keen Auto méi fueren. ''Delit de grande Vitesse'' war anscheinend méi wéi eng Kéier beim David de fall.

J.K Rowling

Och an der Welt vun den Auteuren hu mer eng Persoun ouni Führerschäin an zwar soss keen anere wéi d'Schrëftstellerin vun Harry Potter J.K Rowling.

Eegenen Aussoen no huet d'Joanne keng gutt raimlech Virstellung an dofir wär et besser fir d'Mënschheet, sech vun der Strooss ewech ze halen.

Villäicht wier jo hei de Biesem eng Optioun.