Engem aneren eng spille ka richteg Spaass maachen. Besonnesch wann deen aneren ugefaangen huet. Dofir gëtt et och een Ausdrock: "Petty Revenge".

Stellt Iech fir, eng Persoun war net fein mat iech, oder notzt iech ëmmer nees aus. Do gëtt een iergendwann richteg rosen, an et wëll ee sech rächen. Dat nennt een dann "Petty Revenge": et wëll een déi aner Persoun fir déi kleng Sauereie bezuelen doen.

Fannt hei "Petty Revenges" vum Eldoteam

Et fënnt ee vill Beispiller dofir. Wien zum Beispill ouni ze froen ofschreift, muss domat rechnen, dass deen, dee geléiert huet dat effektiv net cool fënnt. Do kann een deen aneren heelen, andeems een einfach emol déi falsch Äntwerten dohi schreift, waart bis deen aneren alles ofgeschriwwen huet, an dann déi richteg Äntwerten op d'Blat schreift.

Ma de Max huet nach een Tuyau, wann een emol eng Persoun beduckse wëll, déi mat engem zesummelieft. Dofir brauch een: eng fonkelnei Toilettëbiischt an eng eidel Spullmaschinn. An natierlech eng Persoun déi näischt matkritt huet. Dofir stécht een déi nei an natierlech propper Toilettëbiischt an d'Spullmaschinn. Wann d'Affer dann nieft engem an der Kiche steet, mécht een d'Spullmaschinn einfach op, an et rifft een haart: Oh kuck emol wéi propper déi elo nees ginn ass an der Spull! Ekelfaktor: 10/10