"Ech weess, dass ech a Situatioune ka kommen, déi méi geféierlech si mee dat ass mäin Job a selbstverständlech" - Eng Infirmière am Eldo-Interview.

Kënnt der iech nach erënnere wéi virun e puer Méint um Punkt 8 Auer d’Leit sech virun der Dier versammelt hu fir an d'Hänn ze klappen? Den Applaus huet virun allem de Leit aus dem Gesondheetswiesen gegollt, déi wärend der Pandemie, an där gefillt déi ganz Welt stoe bliwwen ass, weidergemaach hunn an un viregter Front géint de Virus gekämpft hunn. Eent dovun ass d‘Céline Lucciarini, Infirmière am Spidol um Kierchbierg an och dacks mat der Ambulanz ënnerwee.

Am Eldo-Interview wollte mir wësse ob a wéi de Coronavirus den Aarbechtsalldag vun enger Persoun, déi am Gesondheetssecteur op d’Kopp gehäit huet. Ma dem Céline no, huet sech do guer net esou vill geännert. Natierlech sinn alleguerten déi spezifesch Covid-19 Termen a Problemer dobäi komm, ma d'Fleeg vun de Patienten ass d'selwecht bliwwen. E groussen Ënnerscheed maachen awer d'Mesuren, virun allem d'Undoe vun der spezieller Kleedung ass wichteg, kascht awer immens vill Zäit, fuerdert méi Personal an natierlech ass et och ustrengend fir d'Leit am komplette Kostüm ze schaffen.

Ma grad op der Intensivstatioun muss ee sech akribesch un d'Mesuren hale fir kee Risiko anzegoen. Grad do, sinn d'Leit awer och méi dankbar, Covid hin oder hier. Trotzdeem huet een hei, wéi och soss op de Statioune gemierkt, dass Patienten nach e bësse méi dankbar si wéi soss. Dat huet dem Céline no, mëttlerweil awer nees nogelooss an et spiert een, dass d'Leit es genuch hätte mat der ganzer Thematik.

Lauschtert hei den 1. Deel vum Interview

Iergendwéi ass et jo och verständlech: Iwwerall gëtt ee mam Coronavirus konfrontéiert an et kann een de Floskelen net aus dem Wee goen. Wéi ass dat da wuel am Spidol? Den Infirmièren no, guer net esou schlëmm: Vu Floskele wär een net esou genervt, vu Leit, déi mengen et besser ze wësse wéi richteg Virologen oder behaapten d'Mesurë wären onnéideg an de Virus wär just eng Gripp allerdéngs schonn.

Och wann een d'Situatioun hei am Land relativ gutt am Grëff hat an d'Material net knapp ginn ass, huet ee sech natierlech Gedanke gemaach, sief et ëm déi eege Gesondheet, déi vu senge Léifsten oder ëm all déi méiglech Geforen, déi d'Kris mat sech bruecht huet. Vun Aarbechtskolleegen aus dem Ausland hätt een dacks héiere wéi schwiereg et wär u Material wéi Masken oder Desinfektiounsmëttel ze kommen, dofir war d'Angscht vu Material-Mangel schonn do, dës ass awer och séier nees verschwonnen. Grond doru war dem Céline no d'Aart a Weis wéi d'Situatioun hei am Land gereegelt gouf an och wann eng weider Infektiounswell géif komme mengt d'Céline net, dass ee sech Suerge maache misst.

Lauschtert hei den 2. Deel vum Interview

Sech a potentiell méi geféierlech Situatiounen ze bréngen, dat gehéiert fir d'Infirmière zum Job dozou, genee esou wéi an Extremsituatiounen Iwwerstonnen ze maachen oder mol ob e Congé ze verzichten. Eng Pandemie ass genee esou eng Ausnamesituatioun an dofir sinn och séier d'Stëmmen no enger eemoleger Primm fir d'Leit aus de Spideeler, Maisons médicales a Fleegeheemer haart ginn, fir deenen hiert Engagement wärend der Kris ze belounen. D'Céline selwer gesäit säin Asaz als selbstverständlech a besteet dowéinst och net op eng Primm. Dat virun allem well dës Primm net all déi Leit abezitt, déi wärend der Kris gefuerdert waren. Zu engem Spidol gehéieren nämlech net just Dokteren an Infirmiere mee och Leit, déi am Transport schaffen, an der Kichen, an der Botz-Ekipp an op nach ganz villen anere Plazen. Leit, ouni déi et net geklappt hätt, déi selwer awer och net geklappt kruten owes um 8.

Solidaritéit ass hei d'Stéchwuert - Net just am Gesondheetssecteur mee och am Allgemengen.