No 11 Staffelen ass Schluss mat "The Walking Dead". D'Serie gëtt 2022 agestallt.

Et war eng vun de bis ewell erfollegräichsten Telésserien an den USA, an och an aner Länner. Elo geet d'Serie sou lues op en Enn. Wéi den Teléssender AMC e Mëttwoch matgedeelt huet, gëtt d'US-Zombie-Serie 2022 agestallt. Déi lescht 11. Staffel wäert 24 Folgen hunn.

10 Joer laang gëtt et d'Serie schonn. Bis 2022 wäerten et awer nach vill interessant Geschichten ze erziele ginn, versprécht AMC.

Zu der beschter Zäit huet d'Serie 17 Milliounen Zuschauer fir eng eenzeg Folge ugezunn. An der Altersgrupp tëscht 18 an 49 Joer war d'Serie e puer Staffele laang d'Sendung mat de meeschten Zuschauer op der US-Telé.