Stress, Onzefriddenheet an Onrou hunn natierlech en Afloss op eise Schlof a loossen eis och nuets net zur Rou kommen.

Lauschtert eran!

Gëtt et eppes méi Schlëmmeres wéi net aschlofen ze kënnen? Anzeschlofen, e puer Stonnen drop ze erwächen an dann hellwakereg am Bett ze leien. Scheewercher zielen, Otemübunge maachen oder och liesen – et sinn déi bekannt Tricken, déi eis nees aschlofe loosse sollen. Dass dat awer net ëmmer klappt wäert dir wuel selwer scho missten erausfannen. Also mussen Alternativen hier.

Se klénge vläicht net logesch, ma wann ee soss alles getest huet – wat bleift engem soss iwwreg?

Aplaz Stonnen ze verschwenden an ze hoffen, dass een an den nächste Minutten aschléift: Stitt einfach op! Wann dir bannent 15 Minutten nach ëmmer wakereg sidd, hëlleft et sech fir eng kuerz Zäit, dat kënnen och nëmmen 10 Minutte sinn, ze beschäftegen. Op kee Fall um Handy hänken oder de Fernseh umaachen. Weist ärem Kierper duerch d'Opstoen, dass der eigentlech midd sidd.

Nach méi paradox ass wuel folgende Rotschlo: Probéiert net anzeschlofen! Hei kann engem déi ëmgedréinte Psychologie an d'Kaarte spillen. Heescht et mécht ee genee de Géigendeel vun deem, wat een eigentlech sollt maachen. Dat kann och bei Schlofproblemer hëllefen. Et ass ee fixéiert drop, net anzeschlofen. Am beschte Fall mécht dat eise Kierper esou midd, dass mer nees fort sinn.

Och beim nächste Punkt gëtt e bësse Psycho agesat: Dréit de Wecker, respektiv wann dat ären Handy ass, ëm – also esou, dass een d'Auerzäit net méi gesäit. Wann een dës nonstop virun A huet a gesäit, wéi spéit et schonn ass a wéi wéineg Schlof engem nach iwwreg bleift, war et dat mat der erhuelsamer Nuecht. A wa guer näischt geet: Beamt iech gedanklech fort a genéisst de kuerzen Trip.