Nei Produite stinn an de Startlächer. Wat do schlussendlech dobäi eraus kënnt wësse mer nach net zu 100%. E puer Rumeure ginn awer scho ronderëm.

Lauschtert eran

En Event, dat bei den Unhänger vun Apple richteg gefeiert a laang erwaart gëtt. De 15. September, eiser Zäit um 19h00 ass de groussen Dag do an nei Produite gi virgestallt. Dat alles natierlech no den néidege Corona-Mesuren a gëtt per Livestream iwwerdroen.

Déi ugekënnegt Keynote, wéi dat Event genannt gëtt, léist bei ville Leit d'Hoffnung aus, dass den neien iPhone 12 virgestallt gëtt. Ma wéi et bis elo ausgesäit bleift et just bei der Hoffnung. Apple huet nämlech scho viru Woche bestätegt, dass den neie Smartphone eréischt am Oktober virgestallt gëtt.

Ma d'Presentatioun vun der Apple Watch Series 6 schéint hei awer quasi sécher ze sinn. D'Event steet nämlech ënnert dem Motto ''Time Flies''. Och warscheinlech ass d'Ukënnegung vun engem neien iPad, dorënner géing zum Beispill den iPad Air 4 falen, wéi och eventuell nei Macs.

Wat dann elo schlussendlech wierklech den Dënschdeg op der Keynote presentéiert gëtt weess een net zu 100%. Sécherheet hu mer eréischt de 15. September um 19h00.

Kleng Detailer iwwert den iPhone 12 deen am Oktober soll eraus komme kurséieren dann awer. Esou soll de Smartphone nees eng méi eckeg Form kréie wéi de fréieren iPhone 5 an och de Fangerofdrocksensor kéint zeréck kommen. Allerdéngs net esou wéi mer e bis elo kannt hunn, mee mat engem Sensor deen ënnert dem Display verbaut gëtt.

Net ze vergiessen ass d'5G Kompatibilitéit vum iPhone 12 an nach aner Faarwen an deenen een den Handy kafe kann.

Wéi gesot, dat si bis elo alles Rumeuren. Eppes kann ee bis elo awer mat Sécherheet soen:

Den iPhone 12 gëtt nach virum November virgestallt.