Nodeems een eng Zäit doheem geschafft huet, sinn elo nees vill Leit um Büro. Ma do laueren e puer Geforen.

Lauschtert eran

Iwwert eng kuerz Zäit war den Homeoffice hei zu Lëtzebuerg net just eng Optioun mee esouguer fir vill Leit eng Mussesaach. Fir den Infektiounsrisiko esou kleng wéi méiglech ze halen, sinn d’Leit gebiede gi vun doheem aus ze schaffen. Ma vill schaffen der elo awer nees vum Büro aus. Et ass also wichteg ze wësse wou sech d’Viren op der Schaff usammelen.

Ugefaange mat den Toiletten. Och wann een näischt ugepaakt huet, ass ee ville Keimen ausgesat. Wann een nämlech Waasser zitt, kënne Viren duerch de Raum geschleidert ginn. Dofir hei e klengen Tipp. Maacht den Deckel zou iert der Waasser zitt.

Eng weider reegelrecht Keimschleider sinn d’Klenschen. Jiddereen hëlt se an de Grapp a fiert sech dono och mol duerch d’Gesiicht ouni sech bewosst ze sinn, dass quasi all Mënsch am Gebai déi Klensch schonn ugepaakt huet.

Net ze vergiessen ass de Lift. Virun allem mol well et relativ kleng dobannen ass a enk Räim soll een esou gutt et geet evitéieren, ma awer och wéinst de Knäppercher. Dacks dréckt ee se ouni sech bewosst ze sinn, dass déi genau esou ee Virenhotspot si wéi d’Klenschen.

Las but not least: Kleng Bürosraim. Virun allem awer déi déi net gutt duerchlëft sinn. An esou Raimlechkeeten an deenen een och nach no openeen ass, heeschen déi perfekt Konditioune fir de Wuesstem vum Virus.

Ma wann ee reegelméisseg d’Hänn wäscht, sech net mat de Fangeren an d’Gesiicht fiert, net openeen hänkt an de Raum ëmmer gutt lëft, dann ass de Risiko sech mat eppes ze infizéiere scho vill méi kleng.