Den Internet vergësst ni. Op wat dir beim nächste Posting onbedéngt musst oppassen – a wéi een et am beschten net mécht.

Et gi Saachen, déi géif ee mol net senge beschte Kollegen zielen, wisou sollt dann déi ganz Online-Welt et wëssen? Hannerfrot ëmmer, ob dir dee Post wierklech online stelle wëllt. Egal ob eng Foto, e Video oder eng éischter harmlos Informatioun, mat där een am Endeffekt awer méi kéint ufänken - "Eemol am Netz, ëmmer am Netz", esou BEE SECURE op hirem Internetsite.

Och wann een e Post läscht, dëse ka vun esou vill Leit scho gescreenshot a verbreet gi sinn oder am schlëmmste Fall op anere Sitten eropgeluede ginn, op deenen een net lande wëll. Wat ee manner vu sech ëffentlech mécht, wat ee manner ugräifbar ass. Fotoe kënne séier aus dem Kontext gerappt ginn. Gebuertsdatum, Adress an Telefonsnummer sollte geheim bleiwen.

Grad esou sollt een oppassen, wann ee bei Events op Facebook zouseet, wat ee likt a wéi eng Formulairen een ausfëllt. Bei Informatiounen, déi schonn online sinn, awer nees fort sollen, ginn et eng Partie Méiglechkeeten. Sichmaschinne wéi Google oder Yahoo kënnen an deem Fall kontaktéiert ginn, am beschten iwwert entspriechend Online-Formulairen.

Facebook a Co. bidde Buttons, iwwert déi een onangenehme Contenu läsche ka loossen. A bestëmmte Fäll kann d'Police hëllefen, eppes vum Netz ze huelen. En anere Wee ass d'commission nationale pour la protection des données ze kontaktéieren. D'Surfen am Netz hannerléisst also Spueren. Duerch puer Klicks léiert ee méi iwwert iech, wéi iech Recht ass.