Gläichzäiteg telefonéieren, eng E-Mail schreiwen an niewebäi iessen. Eng Etüd stellt de Geschlechterstereotyp vum Multitasking a Fro.

Frae si gutt am Multitasking a Männer kënne sech ëmmer just op eng Saach konzentréieren. E Virurteel, dat wäit verbreet ass. Ma stëmmt dat dann iwwerhaapt?

Generell gëllt een als multitaskingfäegwann ee vill Saache gläichzäiteg maache kann. Der Wëssenschaft no ass dëst awer just eng Illusioun. Am Fong ass et esou, dass ee bannent Sekonne vun enger zur anerer Aufgab wiesselt. Eist Gehier respektiv eist Bewosstsinn ka sech nämlech ëmmer nëmmen op eng Saach gläichzäiteg konzentréieren. Bei allem wat een net automatesch maache kann, mussen Informatiounen ausgewielt, veraarbecht an Entscheedunge getraff ginn. Muss e Mënsch also zwou Aufgabe mateneen erleedegen, da mécht e se an der Reegel méi lues a méi ongenee.

Ob et hei en Ënnerscheed beim Geschlecht gëtt, dat hu Fuerscher vun Oochen ënnersicht. 
An hirem Experiment missten 48 Fraen an 48 Männer zwou Aufgabe maachen. Bei der Éischter missten d’Participante Buschtawen als Vokaler oder Konsonanten identifizéieren. Déi zweet Aufgab bestoung doraus Zuelen als gerued oder ongerued ze bestëmmen. Fir ze kucken ob Fraen a Männer multitaskingfäeg sinn, gouf gemooss wéi exakt a wéi schnell si d’Aufgabe léise konnten. Dofir misste si fir d’éischt séier tëscht den Aufgaben hin- an hier wiesselen. Dono hunn d’Participanten dann déi zwou Aufgabe gläichzäiteg misse maachen.

D’Resultater weisen, dass béid Gruppe méi ongenee a méi lues geschafft hunn, wann si d’Aufgabe matenee misste maachen. Et konnt och keen Ënnerscheed beim Geschlecht festgestallt ginn.

De bekannte Klischee konnt also net bestätegt ginn. Insgesamt kann een awer soen - egal ob Mann oder Fra - mir schéngen alleguer ongeféier gläich schlecht am Multitasking ze sinn.

Lauschtert hei eran!

Mir waren dann och mam Mikro ënnerwee a wollte vun iech wëssen ob dir selwer multitaskingfäeg sidd an ob Männer oder Frae besser am Multitasking sinn?