D'Millioun ass en Dram vu ville Leit. Ma ass et theoretesch méiglech?

Lauschtert eran

Fir mol direkt positiv an dat Thema eran ze klammen, muss ee soen, dass een a ville Fäll de Schmadd vu sengem eegene Gléck ass an et och duerch d'Schaffen op eng Millioun Euro packe kann. Hei muss een dann allerdéngs och preziséieren, dass déi Millioun sech iwwert e ganzt Liewen usammelt.

Natierlech geet et bei deenen enge méi einfach a méi séier, wéi bei deenen aneren.

Huele mer mol eng Persoun déi en onqualifizéierte Mindestloun vun 2'089,75 Euro Brutto, also 1'796 Euro Netto. Rechent een dat op 40 Joer schaffen, kënnt een op ronn 862'000. Beim Qualifizéierte Mindestloun sinn et 2'507,70 Brutto an 2097,88 Netto de Mount, also 1'006'982,40 Euro op 40 Joer Schaffen, natierlech ganz ouni Ausgaben.

Et läit jo op der Hand, dass een déi Suen iwwert 40 Joer net um Kont huet. Beschte falls huet een e puer Su an Immobilien investéiert, well mer wësse jo momentan alleguer, dass d'Präisser hei zu Lëtzebuerg, wat d'Appartementer an Haiser ugeet, de Kader sprengen.

Wichteg ass et ze soen, dass et natierlech Mënsche ginn déi wäit iwwert dem Mindestloun verdéngen a bei deenen et effektiv méiglech ass, dass se sech iergendwann kënne Millionär nennen.

Ob een elo a sengem Liewen onbedéngt d'Millioun muss maache fir glécklech ze sinn, dat woen ech ze bezweifelen. Ma op d'Suen oppassen an ze kucken, dass ee sech net an Onkäschte geheit ass awer ni verkéiert.

Oder fir et an de Wieder vum Thomas Jefferson ze soen:
Never spend your money before you have earned it.