Wann d’Deeg méi kuerz ginn, da klëmmt d’Loscht op Séissegkeeten a Fast Food.  Mee firwat ass dat sou ?

Et ass ewéi verhext : Am Summer ass et mam Sportprogramm a mat der gesonder Ernierung nach ganz gutt gelaf. Kaum ginn d’Deeg awer kuerz , ass et domat eriwwer- an doru sinn net just déi vill Chrëschtdagsscheekereie schold, déi schonn an de Supermarchéë leien.
Mam Hierscht kënnt also den Appetit op Séisses  an dat ass tatsächlech vun der Natur sou gewollt. Wann ee manner Dagesliicht kritt, da produzéiert de Kierper verstäerkt Melatonin. Dëst Hormon mécht midd a schléifreg, iwwerdeems parallel dozou d‘Serotoninproduktioun ofhëlt, wouduerch di gutt Laun ofhëlt an ee méi liddereg gëtt .

Fir de Serotoninspigel nees erop ze dreiwen, schéckt de Kierper entspriechend Signaler. Doropshi klëmmt d’Loscht op Séisses an Defteges – well béides kann den Niveau kuerzfristeg erop setzen.

Dauerhaft glécklech iesse kann ee  sech allerdéngs net.

Strategesch iessen am Hierscht

Fir dass des Loscht op Séissegkeeten net ze vill dominant gëtt, soll een op folgend Punkten oppassen.

1. Proteinen hëllefen

Wee moies gutt Café drénkt, huet eng Basis déi een am Idealfall laang sat hält. Huewerflacken mat Uebst a Jughurt liwwere Proteinen a Vitaminne grad wéi Ballaststoffer  déi sat maachen.

2. Preparéiert sinn

Schléit den Honger op Séisses nees zou, muss et jo net direkt eng riseg Tablett Schockela sinn, déi een da séier aus dem Supermarché siche geet. Fir sou Fäll soll een ëmmer e bëssen Nëss, Dattelen oder zockeraarme Müsliriigel op Stock hunn.

3. Oflenkung

Heiansdo geet et schonn duer, wann een eppes ze knaen huet- ee Knätsch zum Beispill. Och ee séissen Téi kann den Loscht op Séissegkeeten ofbremsen.