Einfach aus sech erauskommen - Dat ass méi einfach gesot ewéi gemaach. Mat vill Zäit an Iwwerwannung kann een sech doran üben!

Mir liewen an enger Zäit, an där et scho bal net méi ze evitéieren ass, ob sech opmierksam ze maachen. Ob et d'Aarbechtssich ass, d'Partnersich, oder och einfach d'Alldagsliewen. Wann ee selbstbewosst ass, gëtt engem méi zougetraut, an et huet een am allgemenge besser Aussiichten. Deen Androck entsteet spéitstens dann, wann een e wichtege Virtrag viru Leit hale muss - A kee Wuert erauskritt.

Gutt fir déi, déi kee Problem domat hunn, am Mëttelpunkt ze stoen. Fir déi méi zeréckhalend Persoune stellen dës Situatiounen allerdéngs e risege Problem duer. Dat dann och nach gesot ze kréie mécht d'Saach meeschtens net besser. Nieft dem rout ginn, Häerzklappen an tuddele wëll een am léifsten am Buedem verschwannen, an et ass ee frou, wann een nees a senge 4 Wänn ass. Ëmmerhin ass Schei sinn näischt, wat een einfach esou ännere kann.

Déi schlecht Noriicht fir d'éischt: Sech dat zréckhalend Verhalen ofzewinnen erfuerdert vill Zäit a Gedold, et ass nämlech untrainéiert. Ma mat de Joren an der Erfarung kënnt dann awer och dacks méi Selbstbewosstsinn, an d'Schei sinn hëlt lues of. Fir déi, déi net esoulaang waarde wëlle ginn et hei puer Rotschléi:

Sidd ok mat iech.

Fir sech d'Schei sinn net umierken ze loossen tendéiert ee gär dozou, et ze iwwerspillen an dobäi onauthentesch ze sinn. Dobäi gëtt een da gär falsch ageschat, wat dozou féiert, dass een sech nach méi zréckzitt. Einfach riicht eraus soen, dass ee schei oder nervös ass, dat hëlt engem keen iwwel, an et mécht ee méi sympathesch, wéi wann een einfach an déi aner Richtung kuckt.

Stellt de schlëmmste Fall, deen ärer Meenung no antriede kann, a Fro.

Selten ass een esou schlecht, wéi een sech selwer mécht. Ofleenung gehéiert zum Liewen dozou, an déi muss jiddereen a Kaf huelen. Et ass kee Weltënnergang zeréckgewisen ze ginn, et huet een an dem Fall näischt verluer a näischt gewonnen. Wann et engem selwer net esou penibel ass, da bitt een och manner Ugrëffsfläch.

Schalt äre Kapp of. Et muss een net fir d'éischt all Situatioun enger Prüfung ënnerzéien.

Domat mécht een sech selwer Stress, an et blockéiert ee schonn iert een iwwerhaapt ufänkt mat schwätzen. Dee Moment wou et drop ukënnt soll engem alles ronderëm egal sinn. Et ginn hei och ganz gutt Entspanungstechniken, déi dobäi hëllefen net direkt a Panik ze verfalen.

Schafft un iech selwer.

Wéi ass d'eegen Ausstralung, d'Aussprooch a wéi gëtt een vun aneren ageschat? Wann ee Begeeschterung ausstraalt, gutt drop ass an och emol laacht, wierkt een och direkt méi unzéiend. Och d'Aart mat de Leit ze schwätze mécht vill aus. Een eescht gemengte Kompliment brécht d'Äis, an et gëtt ee méi positiv wouer geholl. Fir d'Gespréich weider um Lafen ze hale kann een einfach Froe stellen, déi den Interessi um Géigeniwwer weisen. Déi meescht Leit si frou, wann si vun sech erzielen dierfen, an et ass anengems e gudden Training.

Schei sinn ze iwwerwanne brauch vill Zäit. Huelt iech net ze vill beienee fir, a sidd net ze streng mat iech selwer. Et geet ville Leit änlech wei iech, a vill vun hinnen hunn et trotzdeem wäit bruecht. Et ass ee kee schlechte Mënsch well een zeréckhalend ass. Konzentréiert iech op är Stäerkten, an dir wäert gesinn: Et gëtt villes, wat dir besser kënnt wéi der mengt.

Lauschtert hei de ganze Mindset!

Vicky