Wie kennt dat net? Eigentlech leeft grad alles gutt, ma et mierkt een trotzdeem, dass eppes net sou richteg an der Rei ass.

Et ass näischt Neies, dass d'Leit sech alleguer vuneneen ënnerscheeden. Ob et d'Ausgesinn, d'Liewensastellungen oder d'Hobbye sinn - an iergendenger Form fanne mer ëmmer eppes, wat un eis anescht ass. Wann et awer drëms geet ausgeglach an zefridden ze sinn, funktionéiere mer all zimmlech änlech.

De Nossrat Peseschkian war een iranesche Psychotherapeut, dee mat sengem Balancemodell virun allem an der positiver Psychologie säin Duerchbroch hat. D'Konzept ass ganz einfach. 4 Liewensberäicher gi beschriwwen, déi bei all Mënsch an engem Gläichgewiicht solle sinn. Wann eng Kategorie net intakt ass, kann dat allgemengt Wuelbefanne beanträchtegt ginn.

D'Beschäftegung: 
D'Aarbecht, d‘Schoul oder allgemeng d'Beschäftegung  mécht e groussen Deel vum Alldag aus. Wann hei d'Gefill entsteet, net op der richteger Plaz ze sinn, kann dat zu der Onzefriddenheet bäidroen. Hei ass net eleng de Salaire oder de Succès wichteg, et soll een och senger Kapazitéit ugepasst gefuerdert ginn, a Loscht op seng Beschäftegung hunn.

Sozial Kontakter:
Di eng brauchen der méi, aner manner. Ma schlussendlech ass et d‘Qualitéit, déi zielt. Ginn et Leit aus der Famill oder aus dem Frëndeskrees, déi disponibel sinn, wann e schwätze wëll? Gesäit een sech dacks genuch a fillt een sech wuel? Sozial Isolatioun ka Stress ausléisen, virun allem wann engem de Réckhalt feelt.

Gesondheet:
Eng Krankheet auszeschléisse bedeit net automatesch, dass ee gesond ass. Et kënnt drop un, wéi een sech selwer aschätzt. D'Zefriddenheet mam Iessverhalen, mat der Fitness oder och de séilesche Stress kënnen dozou bäidroen, wéi gesond een sech fillt. Hei gëllt et, ob sech selwer ze lauschteren an dat ze maachen, wat engem gutt deet.

De Sënn an d'Kultur:
All Mënsch huet individuell Liewensziler. Di eng leeë vill Wäert op d'Karriären an de Succès, anerer wënschen sech eng grouss Famill, an nach anerer géife gär vill reesen. Jiddereen huet eppes, wouran en sech gär verwierkleche géif. Wann een sech senger Saach nach net sécher ass, kann dat belaaschtend sinn. Et leeft een sou ze soen duerch d'Géigend, ouni ze wësse wouhin.

Et gëtt keng allgemeng Reegel dofir, wéi déi perséinlech Liewensbalance muss ausgesinn. Vill Bedierfnesser änneren sech am Laf vun der Zäit. Et kann och emol ee Beräich manner staark ausfalen, ouni dass et direkt problematesch ass. Fannt fir iech selwer eraus, wat dir braucht, da kann ärer Zefriddenheet net méi vill am Wee stoen.

Lauschtert hei de ganze Mindset!

Vicky