Nodeems déi läscht Wochen iwwer nees eng gewëssen Normalitéit hei a Groussbritannien geherrscht huet, esou versenkt d’Land elo nees lues a lues am Chaos.

An deen ass haaptsächlech selwergemaach. Fir de Chaos ginn et 3 Grënn.

Éischtens, ginn d’Zuele vun den Neiinfektiounen nees drastesch an d’Luucht. Bannent enger Woch hunn se sech verduebelt an den Trend weist no uewen. Trotzdeem ass d’Droen vun enger Mask nëmmen op e puer Plazen obligatoresch an d’Regierung fuerdert och weiderhin d’Leit op trotzdeem nees zeréck op d’Aarbecht ze goen.

Lauschtert hei de Reportage:

Zweetens, steet den Coronatestsystem a Groussbritannien kuerz virum Kollaps. Vill Leit kënnen am Moment guer keen Test méi buchen. Wien d'Chance huet dee kritt dann e Rendezvous mee dee kann dem Gesetz no bis zu 100 Kilometer vun engem ewech sinn. Esou musse Leit mat Symptomer uechtert d’ganzt Land reesen, just fir en Test ze maachen, wa se iwwerhaapt ee kréien.

© pixabay.com

An drëttens, torpedéiert de Premier Boris Johnson grad d’Relatiounen mat der EU andeems seng Regierung ganz ëffentlech zougëtt, dass si sech net un d’Brexit-Ofkommes hale wäerten. Dat hëlleft natierlech de Verhandlungen ronderëm déi zukünfteg Bezéiungen tëscht der EU an Groussbritannien och net vill weider an déi stinn elo virum Enn.

Natierlech ass grad eng schwiereg Zäit vir all Land op der Welt. Mee am Moment maachen sech d’Britten d’Liewen awer och net onbedéngt méi einfach.