Déi fréier Koppel Angelina Jolie a Brad Pit haten zesumme 6 Kanner. Ma mat der Zuel leien se awer ganz ënnen am Ranking.

Lauschtert eran

Eddie Murphy

1, 2 oder 3? Dat ass d’Fro déi sech verschidde Koppele stellen, wann et ëm de Kannerwonsch geet. Ma beim Schauspiller Eddie Murphy war et éischter d’Fro: 10, 11 oder 12. Am November 2018 huet him nämlech d’Schauspillerin Paige Butcher e weidere Bouf geschenkt. Et ass fir genau ze sinn dat zéngt Kand fir den Eddie. D’Foussballequipe ass also quasi komplett.

Kevin Costner

Ma och de Kevin Costner konnt sech net bremsen. 7 Kanner vun 3 verschiddene Fraen ginn op säi Konto. Déi véiert eelst, Anne, Joe Lily a Liam ginn alle 4 dem Handwierk vun der Schauspillerei no.

Charlie Chaplin

Wien elo mengt dat wieren der vill, deen iert sech. Den Charlie Chaplin kann do nämlech nach een drop setzen. De Schauspiller lieft nämlech net just an de Filmer. Seng 11 Kanner vun 3 verschiddene Fraen hunn nämlech alleguer eng Karriär am Showbusiness gestart.

Clint Eastwood

An och d’Legend Clint Eastwood kann sech dobäi zielen. De Schauspiller, Regisseur a Produzent huet insgesamt 7 Kanner vu 5 verschiddene Fraen. Seng Duerschter Francesca ass iwwregens och Schauspillerin.

Mick Jagger

Fir dann awer och mol e Bléck an d’Musekbranche ze geheien: De Mick Jagger. 2016 ass de Museker mat 73 Joer fir déi aachte Kéier Papp ginn. Ma alleguer d’Kanner vum Mick ain erfollegräich an der Moud a Museksbranche. Dat bekanntst ass hei d’Toppmodel Georgia May.

Bob Marley

De Spëtzereider ass awer ganz kloer de Bob Marley. Ganzer 11 biologesch Kanner huet de Bob an 1 adoptéiert.