Fitness ass gutt fir de Kierper an och fir ären Handy. Mee wéi dee luesen, voll gepaakte Begleeder rëm op Zack bréngen? Hei fannt dir d’Äntwert.

“Mäi Smartphone gëtt vun Dag zu Dag méi lues.” Dat ass e Saz dee ville Leit Problemer a Stress mécht. Glécklecherweis ginn et 4 Tipps, mat deenen dir ganz einfach a séier den Handy rëm flott gemaach kritt.

Maacht Updates

Maacht Updates, soubal dir dozou opgefuerdert gitt! Dës Softwareupdates sinn am generellen ëmmer gutt fir d’Fitness vun ärem Gerät. Ëmmer méi effizient Programmer, suergen net nëmme fir eng besser Akku-Leeschtung ,mee och fir ee méi séieren Handy.

Botzt är Daten

“Ordnung ist das halbe Leben”, dat gëllt och fir äre Smartphone. Probéiert Fotoen, Videoen an och Apps ze läsche wann dir dës net braucht. Wann ären Handy ze voll gepak ass, kann d’Leeschtung staark falen. Den Handy muss nämlech bei ze vollem Späicher vir d’Éischt Resourcë fräimaachen, ier dës erëm benotzt kënne ginn. Spréch, duebel Laascht fir ären Handy.

Apps

Klickt een den Homebutton vu sengem Smartphone, sou erwaart een sech, dass d’App aus geet. Allerdéngs trëfft dat net ganz zou. Déi meescht Apps schaffen am Hannergrond weider a verbrauchen dobäi wäertvoll Leeschtung an Aarbechts-Späicher. Behiewe kann een dëst, andeems een am Menü vun den Astellungen no “Background App Refresh” sicht, an dës Funktioun ausschalt.

Opgepasst, Messaging-Apps sinn deelweis op des Hannergrondaktualiséeierung ugewisen, fir weider Benoorichtegungen ze kréien!

Nei starte vum Smartphone

Wann déi uewe genannten Tipps net hëllefen, dann hëlleft jo villäicht dësen Trick. Sief et beim Router oder Computer: wann eppes net klappt wéi et soll, da soll een d’Gerät aus ,an da rëm uschalten.

Nei starte vun technesche Geräter ass ëmmer gutt. Doduerch ginn nämlech all onnéideg Programmer net méi mat ausgefouert. Dëst entlaascht d’Gerät, mécht et nees fit a sou lafen och är Apps nees een Tick méi séier.