Du renns engem dran an deen ass net do: Een Ziedel an d‘Scheif leeë geet duer, oder?

Lauschtert eran!

Dir kommt heem an iech fält op, dass een iech eng Téitsch gemaach huet. Dir hutt weder en Ziedel an der Fënster peche gehat, nach hutt dir soss eng Informatioun, wie fir de Schued responsabel ass. An deem Fall ass dat fir iech domm gaangen. D'Persoun, déi iech d'Téitsch gemaach huet, hätt eigentlech selwer sollte méi maachen. Ugefaange mat: einfach mol éierlech sinn. Shit happens!

Keen ass perfekt an eng Téitsch oder Schréips ass séier geschitt. Ma sidd dir de Responsabele muss dir alles dofir maachen, dass – soe mer an deem heite Fall – d'Affer Bescheed weess. En Ziedel mat Numm, Telefonsnummer an d'Fënster leeën ass richteg, sou och den André Schaak, Verkéiersexpert bei der Lëtzebuerger Police am Eldo-Interview. Et gëllt hei awer opzepassen.

De Fall gesat et reent sou vill, dass um Ziedel näischt méi ze liesen ass oder den Ziedel fort flitt, huet een net genuch gemaach, fir déi aner Persoun z'informéieren, dass ee fir de Schued verantwortlech ass. Am beschten ass et och bei der Police Bescheed ze soen an de Virfall z'mellen. Esou evitéiert een ënnert anerem, datt ee sech der Fahrerflucht schëlleg mécht. Sou gi dir béisen Iwwerraschungen aus dem Wee.