Am Liewen muss een eben heiansdo Kompromësser agoen. Verschidde Leit gesinn dat allerdéngs net esou.

Lauschtert eran

Wéi géing d'Welt ausgesi wa jiddereen e bësse méi flexibel a sengem liewe wier. Heiansdo op eppes ze verzichten, fir engem aneren eppes Guddes oder e Gefalen ze maachen, ass genau dat wat virun an enger Bezéiung wichteg ass. Sief dat an enger Partnerschaft oder einfach ënnert Kolleegen a Frëndinnen.

Steebock

Déi Leit hunn et gären uerdentlech an zwar am beschten esou wéi ëmmer. Dat ass net onbedéngt schlecht, well wéi mer wëssen, maachen engem gewësse Routinen d'Liewe méi einfach. Ma grad a Konfliktsituatioune kann ee seng Strukturen och mol iwwert de Koup geheien a sech op eng Léisung konzentréieren déi fir béid Sënn mécht.

Schütze

Ma och d'Schütze sinn net dacks bereet e bësse Waasser an de Wäin ze schëdden. Gréissten Deels sinn déi Leit dofir bekannt hire Kapp onbedéngt mussen duerchzesetzen. Eng Eegenschaft déi gutt bei Verhandlungen oder spannenden Diskussiounen ass, ma bei engem Sträit soll een do awer schonn e bëssen Empathie weisen an och mol altruistesch denken, d.h sech an den Hannergrond stellen a sech an dee Géigeniwwer era versetzen.

Skorpioun

Zu gudder lescht hu mer nach de Skorpioun. Fir genau ze sinn, Persounen déi Zilorientéiert sinn a wësse wéi se sech mussen uleeë fir dat ze erreeche wat se wëllen. De Problem ass hei, dass déi Leit sech heiansdo ze vill virhuelen, doduerch ugespaant sinn a géigeniwwer vun anere Leit net bereet sinn sech och mol eppes soen ze loossen. Dofir en Tipp: Loosst mol labber a sidd oppe fir aner méiglech Léisungen.

Am grousse ganzen ass et wichteg oppen ze sinn. Och wann een dovunner iwwerzeegt ass, dass déi eegen Iddi oder Liewensweis déi richteg ass, kann et ni schueden e Rot mat afléissen ze loossen.