Déi däitsch Start-Up Entreprise "Spoontainable" huet sech d'Zil gesat déi kleng Plastik-Läffelen z'ersetzen déi ee bei de Glacen dobäi kritt.

Et ass eng Iddi, déi an der WG-Kiche wärend dem Studium entstanen ass. D'Amelie an d'Julia iessen nämlech gäre Glace. Mee si hu sech un deene klenge Plastik-Läffele gestéiert, déi een ëmmer nees dobäi kritt. Si wollte kucken, op et eng lecker an nohalteg Alternativ kéint ginn. An d'Iddi vun den Spoonies war gebuer.

Lauschtert hei eran!

Et kann ee soen, dass d'Iddi fir d'Spoonies zur richteger Zäit komm ass, esou d'Julia Piecchotta vu Spoontainable.

Firwat sinn d'Spoonies grad elo besonnesch interessant?

Bei der Entwécklung vun de Spoonies war de Feedback vun engem Public ganz besonnesch wichteg: de Glacebutteker. Si sinn zwar och direkt Cliente vu Spoontainable, mee virun allem sinn si d'Experte wann et em Glace geet. An dofir waren si ee wichtege Partner bei der Entwécklung vun de Spoonies.

Si sinn zwar net direkt déi éischt déi iessbar Läffelcher gemaach hu fir Glacen. Mee do goufe bis elo ëmmer Produiten aus Weess gemaach. Deen awer extra fir deen Zweck kultivéiert gouf. Do entsteet dann een anere Problem wann de Läffelchen ewech geheit gëtt. Et huet een extra Ressource benotzt an da verschwent. Vue dass d'Spoonies awer nohalteg sinn, a Iwwerreschter vun anere Produktiounen notzen.
Et ginn zwou Zorte vu Spoonies: de Spoonie Choc an de Spoonie Classic. Aus wat bestinn déi dann?

Aus wat bestinn d'Spoonies

Amplaz Ressourcen ze notzen, ginn also déi genotzt déi souwisou schonn ufalen. Firwat och net, wann et doduerch nach méi lecker gëtt eng Glace z'iessen?