Drénken ech och d'Leit a mengem Ëmfeld ze vill? Hei e puer Unzeeche wéi der et erkenne kënnt.

Lauschtert eran

D'Wouerhuele vun eventuellem Mëssbrauch vum Alkohol kann och e bësse verfälscht sinn, virun allem wann een eng emotional Bindung zu enger Persoun huet. D'Fréierkennung ass net dofir do alkoholkrank Mënschen ''opzedecken'' oder ze ''bestrofen'', mee hinnen Hëllef zoukommen ze loossen.

Et erkennt een et ënnert anerem dorunner, wann eng Persoun probéiert de Konsum ze verstoppen. Dat féiert natierlech zum bekannte ''Fändel'', deen déi Leit probéiere mat Knätsch oder soss eppes ze verstoppen.

Dat ass allerdéngs net dat eenzegt Unzeechen. Dee Mënsch meit de Kontakt mat Leit, déi näischt drénken an ass liicht gereizt. Virun allem bretzt e sech mat sengem Alkoholkonsum an ass einfach op d'Palm ze bréngen, dat och wann een deem jéinesche seet, e géing ze vill drénken.

E weidert Unzeeche vun engem ze héije Konsum ass, wann een alles probéiert schéin ze schwätzen. Wann ee sech nämlech selwer freet, ob een ze vill drénkt, dann ass dat schonn en Unzeechen dorobber, mussen e Gang erof ze schalten. Et ass eng Situatioun an der een d'Tendenz huet alles ze verharmlosen. Dat nennt een och nach eng ''Dissonance Kognitive''. Anescht ausgedréckt ass dat en Zoustand an deem ee ganz genau weess, dass dat wat ee mécht net gutt ass, ma et trotzdeem mécht. Also en ënnerleche Konflikt. Fir aus deem Zoustand eraus ze kommen, probéiert ee sech dat ganzt ebe schéin ze schwätzen esou, dass d'Verhale mam Denken iwwertenee passt.

Fazit

Heiansdo e klengen Apero huet nach kengem geschuet. Et muss ee just éierlech mat sech selwer sinn a probéieren den eegene Konsum objektiv ze kucken a sech och mol ze froen, ob et net awer heiansdo e Glas ze vill ass.