De Reality-Star wëll fir een Dag hir Facebook- an Instagram-Konten afréieren, dat als Protest.

D’Kim Kardashian léisst hir Konnte bei Facebook an Instagram fir 1 Dag rouen. Déi weltwäit bekannten Influencerin wëll domat géint Haass, Propaganda a Fakenews an de soziale Medie protestéieren. Konkret fäert déi 39-järeg, dass Fake News groussen Afloss op d’US-Wal am November kéinten hunn. Bei Insta huet si hir 188 Milliounen Abonnenten dozou opgeruff, dat selwecht ze maachen.

Och d’Acteuren Leonardo DiCaprio an Jennifer Lawrence maachen um Mëttwoch beim Boykott mat.