Wann et waarm ass, benotzt een d'Klimaanlag am Auto. Wichteg ass just ze wëssen, wéi vill Bensin dee Luxus effektiv kascht.

Lauschtert eran

Wéi kann een am spuersaamste mam Auto ënnerwee sinn? Eng Fro déi sech ganz vill Leit stellen an dowéinst och mol op ganz komesch Iddie kommen. Ma eng Fro héiert ee mol méi dacks an zwar ob ee Sprit spuert, wann d'Klimaanlag aus ass? D'Äntwert ass hei ganz kloer jo! D'Anlag verbraucht Bensin oder Diesel, gëtt se elo ageschalt, geet natierlech och de Verbrauch an d'Luucht an dat net grad wéineg.

Jee no Klimaanlag verbrauch en Auto ongeféier 10-15% Sprit op 100 Kilometer. Bei vill Stop & Go kann dat scho mol 2 Liter op 100 Kilometer méi sinn, esou de Johannes Kautenberger, Prüfingenieur vun der KÜS, géigeniwwer vun tz.de. En andauernde Gebrauch vun der Anlag kann een also hannerfroen. Ma onnéideg Verbraucher auszeschalten, ass grondsätzlech ëmmer richteg, fir Bensin ze spueren.

Hei nach e klengen Tipp a Punkto Liewensdauer: Am Wanter komplett drop ze verzichten ass absolut net unzeroden. De Grond ass ganz einfach. Nëmme bei reegelméisseger Belëftung bleiwen d'Dichtungen a Kompresser gutt geschmiert. Niewebäi verhënnert de reegelméissege Gebrauch och, dass sech Schimmelpilz oder Bakterien am Auto ausbreeden.

Fir d'Zukunft gëllt also, dass d'Klimaanlag effektiv e gudden Deel vum Sprit verbraucht. Ma fir dass se laang funktionéiert, gëtt de reegelméissege Gebrauch geroden. Dat natierlech ouni et ze iwwerdreiwen.