De Service National de la Jeunesse mécht eng éischter Kéier bei der EU-Initiativ #BeActive mat. De Projet riicht sech besonnesch u Jonker.

Lauschtert eran!

#BeActive@Jugendhaus heescht dëst Joer déi lëtzebuergesch Äntwert op d'Europäesch Sportswoch den 23. bis 30. September. Wéinst dem Coronavirus ass Villes an d'Waasser gefall, sou och d'"Nuit du Sport" dëst Joer. Fir déi Jonk ze encouragéieren aktiv ze sinn an d’Jugendhaiser an hirer Sportoffer z'ënnerstëtzen, ass d'Initiativ op nationalem Plang an d'Liewe geruff ginn. 10 Jugendhaiser sinn dobäi, sou d'Elisabeth Binck vum SNJ a Matorganisatrice vun der "Nuit du Sport".

Sportlech Aktivitéiten a speziell Workshoppen

De Fokus vun der Programmatioun läit éischter op méi spezielle sportlechen Aktivitéiten: Crossfit, Slackline, Parkour, Bubble Soccer, Freestyle Fussball, Aikido oder och Klammen. Wien éischter um Danzen interesséiert ass, dee kann a Zumba- an Hip-Hop-Atelieren seng Energie erausloossen. Nieft dem Sport offréiere verschidde Jugendhaiser a Jugendstrukture Workshoppe ronderëm eng gesond Ernärung. Dat hänkt natierlech vun Haus zu Haus of, wéi d'Offer am Detail ausgesäit.

Corona-Moossnamen an Hygiènesvirschrëfte ginn agehalen

Nieft engem flotte Programm ass d'Gesondheet an de Schutz vun de Jonken eng Prioritéit. An de Jugendhaiser respektiv an den eenzelen Ateliere muss sech jiddereen un déi bestoend Hygiènesvirschrëften halen, heescht Ofstand anhalen an eng Mask mat dobäi hunn. Wéi d'Lisy Binck erkläert huet kuckt all Jugendhaus fir d'Unzuel u Leit pro Atelier ze limitéieren oder d'Workshoppen esou ze versetzen, dass d'Mesuren agehale ginn an awer jidderee kann deelhuelen.

Gruppesport ass méi schwéier, mee net onméiglech ginn

Déi meescht Aktivitéiten si mëttes, verschiddener, zemools während dem Weekend, ginn och scho moies organiséiert. Wat een hei mat bewierke wëll? Och wann et de Moment eng méi komplex Situatioun ass an och fir dëse Projet d'Corona-Moossnamen ëmgesat musse sinn: Mat anere sportlech aktiv ze sinn, souguer eng nei Sportaart ze entdecken an nei Frëndschaften ze schléisse si Grondgedanken hannert #BeActive@Jugendhaus am Kader vun der Europäescher Sportswoch.

D'Participatioun ass gratis an eng kleng Iwwerraschung waart op all Participant fir d'Woch ofzeschléissen. Op Facebook an Instagram kritt een all néideg Informatiounen. Wéi kann ee matmaachen? Am beschten informéiert ee sech am viraus, wéi ee Jugendhaus wéi eng Atelieren an hirem Programm offréiert: