D’Konsequenze vun der Corona-Pandemie fir d’Museksindustrie si gravéierend. Elo gouf eng Etüd presentéiert, déi di aktuell Situatioun zesumme faasst.

D‘Museksbranche huet fir d’Joer 2020 eng düster Prognos virgeluecht. Et rechent een domat, dass den Ëmsaz ëm een Drëttel wäert abriechen. Dobäi hat d’Branche virun engem Joer nach eng Hausse notéiert. D’Gesamtrecettë waren ëm 18 Prozent geklommen.

No engem Opschwong koum d’Corona-Kris

Dunn awer koum Corona an domat ee Veransaltungsverbuet. Sämtlech Concerten a Festivaller goufen ofgesot, an den Emsaz ass agebrach. Eng Entwécklung, déi net just negativ Konsequenzen fir d’Museker an d‘Concertsorganisateuren huet, mee och op fir Partner wéi Plackelabelen an aner Servicer.

An och wann elo nees Concerten kënnen organiséiert ginn, ka mat den aktuellen Ofstand- an Hygiènesreegelen just e klengen Deel vun de Concertssäll besat ginn. Ee Konzept, dat fir Concertsorganisateuren net rentabel ass. Staatlech Hëllefe wäerten och weiderhin néideg sinn, wann d’Museksindustrie d’Corona-Pandemie iwwerliewe soll.

Just de Streaming ass konstant

Am Live-Beräich ass den Ëmsaz em 80% zréck gaangen par Rapport zum Joer virdrun, an och et bei den CD-Verkeef gouf eng Baisse notéiert. Quasi all d’Museks-Formater hunn ënnert der Pandemie gelidden. Just d’Streaming-Déngschter hunn d’Coronapandemie wirtschaftlech gutt iwwerstanen.  Do gouf et esouguer eng Hausse vun 20%.

Musekskonsum réckleefeg

D’Etüd weist och, dass de Musekkonsum dëst Joer em 8% zréck gaangen ass. Eng méiglech Erklärung dofir kéint sinn, dass d’Mënschen an Zäiten vun der Corona-Pandemie manner mobil sinn an hire Fokus méi op Noriichten verlagert hunn an dowéinst manner Musek lauschteren.